Radioen

On air

Notturno  |  Sturgill Simpson - Keep It Between The Lines

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Europäesch Politesch Communautéit: Kee Fortschrëtt bei Haaptkonflikter

EU-Sommet zu Granada

Europäesch Politesch Communautéit: Kee Fortschrëtt bei Haaptkonflikter

Zwee Konflikter stoungen gëschter am Mëttelpunkt vun dësem EU-Sommet - deen tëscht Armenien an Aserbaidschan an deen tëscht Serbien a Kosovo - alle véier Länner gehéieren zur europäescher politescher Communautéit - allerdéngs gouf et haut a béide Konflikter keng Fortschrëtter.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Aus eventuelle Friddensgespréicher gouf näischt, nodeems den aserbaidjanesche President Aliyev sot, op eng Reunioun mat anti-aserbaidjanescher Stëmmung géing hie guer net kommen.

Fir de Lëtzebuergesche Premier Xavier Bettel wier dat éischter en Zeeche vu Schwächt wéi vu Stäerkt.

Kosovo fuerdert Sanktioune géint Serbien

Déi kosovaresch Presidentin Vjosa OSMANI huet iwwerdeems direkt bei hirer Arrivée kloer gestallt, datt si virun allem komm ass, fir no Sanktioune géint Serbien ze froen.

“Et huet kee Wäert matenee ze schwätzen, ier déi net decidéiert goufen”

Och do kënnt een also net virun. 

En Echec?

Ass dat een Echec fir deen nach jonke Format vun där Europäescher Politesch Communautéit? Nee seet de Xavier Bettel.

“Ech si kee Fan oder net Fan, ech fannen et einfach wichteg dat mer Gremien hu wou mer ee mat deem anere kënne schwätzen”

Vum leschte Sommet zu Chisinau a Moldawien aus, war virun allem een Anti-Putin a Pro-Selenskyj Message erausgeschéckt ginn. Hei zu Granada huet den ukrainesche President e bësse midd geschéngt, hien huet un déi europäesch Solidaritéit appelléiert. Wéi staark hie virun op déi politesch Communautéit ziele kann, ass net kloer.

Deen nächste Sommet soll a Groussbritannie sinn, allerdéngs gouf d’Ofschloss-Pressekonferenz, wou de brittesche Premier Sunak hätt sollen derbäi sinn, kuerzfristeg ofgesot. Och dat gouf hei zu Granada als Zeechen dofir gewäert, datt déi Communautéit vläicht net fir jidderee Prioritéit huet.

Lauschterenplay_arrow