D’Mesure soll dofir suergen, datt Russland seng Käreproduktioun net dofir benotze kann, den europäesche Marché ze destabiliséieren, huet et de Moien aus Kreesser vun der Kommissioun geheescht.
D’Annonce fir déi Douanes-Tax koum gëschter Owend vun der Ursula von der Leyen op der Pressekonferenz nom éischten Dag vum EU-Sommet.
"Domat wäert verhënnert ginn, datt russesch Kären den EU-Maart destabiliséieren; et wäert Russland drun hënneren d’Akommes aus dem Handel mat der europäescher Unioun ze notzen; an et wäert sécher stellen, datt keng vun der Ukrain geklaute Kären an d’Europäesch Union era kommen."
Et wier net richteg, datt d’EU weider ouni Restriktiounen Agrarproduiten aus Russland importéiert. Dee Message hat virdrun den ukrainesche President per Video un d’EU-Staats- a Regierungscheffen adresséiert. Den Accès vu Russland op den europäeschen Agrarmarché wier nach ëmmer illimitéiert.
Eng preventiv Mesure
De Chiffere vun der Kommissioun no huet Russland zejoert eppes iwwert 4 Milliounen Tonne Kären an d’EU exportéiert. Wat just engem Prozent vun all den Importer entsprécht. Et géif sech hei em eng preventiv Mesure handelen, sou eng EU-Source. Op enger Tonn Weess géif der Propos no 95 Euro Tax erhuewen, dat wier genuch, fir datt et net méi interessant fir Russland ass, an d’EU ze verkafen.
D’EU hat bis elo an hire Sanktioune géint Russland souwuel den Agrarsecteur ewéi och dee vun den Düngemëttelen ausgeschloss. Engersäits, wëll d’Baueren op russesch Engraisen ugewise sinn a well een eegenen Aussoen no d’Liewensmëttelsécherheet an Asien an Afrika net a Gefor brénge wollt.
Um Sommet haut diskutéieren d’Staats- a Regierungscheffen iwwert Aschränkunge vun der EU par rapport zu Importer aus der Ukrain. Verschidde Länner dorënner Polen a Frankräich hunn esou Restriktioune gefrot.