search

/ Europäesch Enquête géint dem Musk säin X wéinst pedopornografeschen Deepfakes

EU

|
headphones

1 min

Europäesch Enquête géint dem Musk säin X wéinst pedopornografeschen Deepfakes

Déi iresch Dateschutzautoritéit huet eng europäesch Enquête géint de soziale Reseau X opgemaach. Dat wéinst der Publikatioun vu pedophil-pornographeschen Deepfakes duerch de KI-Tool Grok, déi an dem Elon Musk säi soziale Reseau X integréiert ass.

headphones

1 min

© picture alliance / imageBROKER | Mojahid Mottakin
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Mojahid Mottakin)

Méiglech Verstéiss géint déi europäesch Dateschutzreegele géifen ënnersicht ginn, esou déi iresch Dateschutzautoritéit. Si handelt hei am Numm vun der EU, well den europäesche Sëtz vun X an Irland ass.

Déi Kënschtlech Intelligenz Grok, déi an X integréiert ass, mécht et méiglech, plakeg Biller op Basis vu reelle Fotoen ze generéieren. 

A verschidde Länner, dorënner Malaysien an Indonesien, gouf Grok dowéinst gespaart. Groussbritannien huet och eng Enquête géint X opgemaach. An a Frankräich war virun zwou Wochen d‘Büroe vun X duerchsicht ginn.