Radioen

On air

Notturno  |  The Whispers - Keep On Lovin' Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Europa-Parlament kritt 15 Sëtz bäi

Stroossbuerg

Europa-Parlament kritt 15 Sëtz bäi

D‘EU-Parlament wiisst an den nächste Joer ëm 15 Sëtz. D‘Deputéiert hu gëschter zu Stroossbuerg dofir gestëmmt fir d‘Zuel no der Europawal vun 705 op 720 erop ze setzen.

auto_stories

1 min

12 Staate profitéieren dovunner. Dorënner Frankräich, Holland, d‘Belsch a Polen. Domadder soll dem demographesche Wandel deen zënter de viregten Europawalen amgaangen ass Rechnung gedroe ginn. D‘Europawahl ass vum 6. bis den 9. Juni d‘nächst Joer.