Radioen

On air

Fiasko Fest  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ethikkommissioun bewäert Reklamm vun der Chambre de Métiers als sexistesch

Opreegung iwwer Publicitéit

Ethikkommissioun bewäert Reklamm vun der Chambre de Métiers als sexistesch

Déi national Ethikkommissioun deelt d‘Meenung vum nationale Fraerot iwwert eng sexistesch Publicitéit vun der Chambre des Métiers, mat där Reklamm fir d‘Formatioun fir d‘Meeschterprüfung gemaach gëtt.

auto_stories

1 min

Dem Artikel 4 vum Ethikkodex no misst Publicitéit zu Lëtzebuerg all form vu Beanträchtegung vun der Gläichstellung vun de Geschlechter vermeiden. Dës Konditiounen erfëllt déi ernimmte Publicitéit vun der Chambre des Métiers net, mengt déi national Ethikkommissioun an engem Communiqué. Vill méi géif dës Publicitéit Stereotyppen illustréieren an zu Ongläichheeten tëschent de Geschlechter bäidroen.

Op der Reklamm si 5 Persounen ze gesinn, déi all en Handwierksgeschier am Grapp hunn, dat e spezifesche Beruff soll duerstellen. Déi zwou Fraen hunn e Fön an e Schnéibiesem an der Hand. D‘Männer hunn en Hummer an eng Zaang an der Hand. 

D‘Ethikkommissioun plangt, ee Schreiwes un d‘Chambre des Métiers ze formuléieren, an si dozou opfuerderen, dës Publicitéit zeréckzezéien.