arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et wielt een do, wou ee wunnt a Steiere bezilt

Fräie Mikro

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Et wielt een do, wou ee wunnt a Steiere bezilt

Lëtzebuerg stellt sech gär als Virbild duer. E klengt Land, oppen, räich a multikulturell. Leider gëtt eng Gesellschaft awer net un hirem Image gemooss, mee un hiren Divisiounen. Beim Walrecht bleift Lëtzebuerg méi wéi jee an zwee gespléckt, mengt d'Laura Zuccoli am Fräie Mikro.

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Laura Zuccoli | © Jo Diseviscourt
Laura Zuccoli (Foto: Jo Diseviscourt)

Vun den insgesamt 526.000 Lëtzebuerger:innen op der Welt wunnen der 369.000 zu Lëtzebuerg an 157.000 am Ausland, dovu ronn 50.000 an den USA a Brasilien, an de Rescht haaptsächlech an der Groussregioun.

Eng Zuel déi sech zënter 2014 méi wéi verduebelt huet.

D'Prozedur vum Recouvrement

D'Chamber denkt den Ament iwwer eng Moderniséierung vum Walsystem no. Am Fong geet et der Politik virun allem drëms, d'Walrecht fir Lëtzebuerger, déi am Ausland liewen, ze erliichteren, well deenen hir Zuel stänneg eropgeet.

Vun 2020 bis 2025 hu ronn 15.500 Leit déi Lëtzebuerger Nationalitéit iwwer d'Prozedur vum Recouvrement kritt. Dat heescht, si hu just misse beweisen, datt si virun 1900 e Lëtzebuerger Virfaren an hirer Famill haten a soss näischt.

Well d'Lëtzebuerger Nationalitéit a ville Beräicher kann nëtzlech sinn, huet de Recouvrement grousse Succès.

En ongerechte System?

En Auslänner, deen op Lëtzebuerg immigréiert, muss dogéint 5 Joer hei wunnen, Civicscoursë besichen an d'Lëtzebuerger Sprooch op d'mannst um Niveau A2 beherrsche, fir kënne Lëtzebuerger ze ginn.

Obwuel hien hei lieft, schafft a Steiere bezilt, seng Kanner an eis Schoule ginn an direkt vun eise Gesetzer betraff ass, muss hie fir un de Nationalwalen deelhuelen ze kënnen de Lëtzebuerger Pass hunn. Dausende vu Lëtzebuerger, déi am Ausland liewen, a kaum bis guer net vun de politeschen Decisioune vun eiser Regierung betraff sinn, sollen dogéint méi einfach kënne bei de Wale matmaachen. Wou ass do d'Logik?

Zu Lëtzebuerg besteet vun 18 Joer un Walflicht fir all Lëtzebuerger, ausser fir Persounen iwwer 75 Joer oder déi, déi am Ausland wunnen.

Déi kënne per Bréifwal bei Parlaments- an Europawalen a bei nationale Referende mat wielen. D'Lëtzebuerger Nationalitéit ass den decisive Krittär fir dat nationaalt Walrecht, egal wou ee wunnt an egal op ee Kontakt mat Lëtzebuerg huet oder net.

E Prinzip, deen op enger ethnescher Logik baséiert an eiser Realitéit net gerecht gëtt.

Vum demokratesche Prozess ausgeschloss

An eiser representativer Demokratie wielen d'Bierger:inne Vertrieder:innen, déi d'Muecht an hirem Numm ausüben. Gewielte Vertrieder:inne stëmme Gesetzer an treffe politesch an administrativ Entscheedungen am Numm vun der Bevëlkerung.

D'Vertrieder:inne sinn de Wieler:inne verantwortlech a kënnen op Basis vun hirer Leeschtung erëmgewielt oder ersat ginn. Déi 47 Prozent Auslänner, déi hei am Land liewen, bleiwe vum demokratesche Prozess ausgeschloss an hu keng Vertriedung. D'Lëtzebuerger am Ausland dogéint dierfe wielen, och wann déi politesch Entscheedunge vun hei si kaum betreffen.

287.000 Lëtzebuerger ware bei de leschten Nationalwalen ageschriwwen. Bal esou vill Net-Lëtzebuerger hätte kënne wiele, wa si d'Nationalwalrecht gehat hätten. Just 6.300 Wieler:innen hunn d'Bréifwal aus dem Ausland ugefrot.

Eng "feig a verlugen" Astellung

De Chamberpresident Claude Wiseler huet mat Hiweis op dës bescheiden Zuel an enger parlamentarescher Kommissioun gemengt, datt d'Potenzial enorm an d'Erausfuerderung grouss ass, fir dës Wieler:innen am Ausland ze mobiliséieren.

Déi 315.000 auslännesch Awunner:inne vu Lëtzebuerg, déi bei eis schaffen a Steiere bezuele, sinn hinnen anscheinend egal. Wat ass dat fir eng feig a verlugen Astellung? Fir déi Lëtzebuerger, déi an der Groussregioun wunnen a vun deenen der vill op Lëtzebuerg schaffe kommen, ass dat jo sécher richteg, hinnen d'Walen ze vereinfachen.

Keng glafwürdeg Politik

D'Lëtzebuerger Politik kann an dierf sech net méi hanner dem Referendum vun 2015 verstoppen, fir de flagranten demokrateschen Defizit zu Lëtzebuerg ze rechtfertegen. Souguer d'Politiker vum rietsen a ganz rietse Bord kënnen net glafwierdeg erkläre, firwat en Amerikaner, deen eis Nationalitéit huet, well säin Ur-Urgrousspapp virun 150 Joer ausgewandert ass, méi Recht soll hu fir hei ze wiele wéi e Portugis, den zënter 40 Joer hei am Land wunnt, awer fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien eng ganz rëtsch Hürden duerchlafe muss.

Et wielt een do, wou ee wunnt a Steiere bezilt. Dat soll de Grondprinzip vum nationale Walrecht sinn. 

play_arrow Lauschteren