Dës Woch ginn d’Meedercher gefërdert: Et ass “girls in digital week”. De Fuerschungsinstitut LIST an d’Uni invitéiere 500 Schülerinnen op de Belval. D’EU finanzéiert d'Workshops an den Educatiounsministère invitéiert d’Elteren op e Promo-Owend ... den IT-Secteur braucht dringend Fraen.
Mathé bleift eng Männerdomäne
Bis 2030 soll et der EU-Kommissioun no 20 Milliounen ICT-Spezialisten an Europa ginn, fir mat China an Amerika kënnen ze konkurréieren. An déi misste gutt gemëscht sinn: Fraen, Männer, multikulti: Divers Teams mat méiglechst ënnerschiddleche Membere bréngen nei Perspektiven an d’KI-Fuerschung an nei Iddie fir d’Cybersecuritéit.
Zu Lëtzebuerg gëtt et iwwer 50 Joer Fraefërderung an et ass scho vill geschitt. An de Lycéeë sinn an der naturwëssenschaftlecher Sektioun entretemps zwee Drëttel Meedercher. An der Eco ass et kifkif.
Just Mathé an Info bleiwen eng Männerdomäne: Zwee Jonge kommen op e Meedchen. Zënter 15 Joer bougéiert do näischt.
'Manfluencer' mat toxeschem Fraebild
Soziologen, déi laang gemengt haten, déi Fraequot géif mat der Zäit automatesch klammen, sinn entretemps skeptesch, an d’EU-Kommissioun gesäit souguer e sougenannte Backlash.
Éischt Zuele weisen, datt déi jonk Generatioun rëm traditioneller agestallt ass, wéi nach hir Elteren. Déi aktuell politesch Krisen, déi Angscht virun der Zukunft, mécht, datt méi Jonker an al Stereotyppe flüchten.
Op de soziale Medie gi 'Manfluencer' mat toxeschem Fraebild gefeiert an 'Tradwives' gefeiert, déi hiert Hausfraeliewe promovéieren.
IT bleift e Suergekand
Iwwer dës retro Trends gëtt vill geschwat, och an de Lëtzebuerger Schoulen. Déi meescht Jonker distanzéiere sech awer dovunner. Virun allem d’Meedercher wëssen entretemps, wat si kënnen.
Bei enger Studie 2023 an eise Lycéeën zum Sujet Informatik a Fraen, soten zwee Drëttel vun de Schülerinnen, si wieren am Computer grad esou gutt wéi d’Jongen. Och beim Coding an der Primärschoul a bei der Legoligue sinn d’Meedercher staark a begeeschtert.
Mee da gi si awer net op B. “An der Mathésektioun sinn ze vill Jongen”, soe si. Do spiert ee sech net wuel an der Klass.
An och Infosproffe sinn an der Mehrzahl männlech. Si diskriminéieren hir Schülerinnen zwar net bewosst, mee vill Coursen, Games an Hackatons sinn nach ëmmer éischter fir Jonge konzipéiert. Diversity an der IT gëtt net genuch gepusht.
En Narrativ, deen net funktionéiert
Aktuell schaffen an der EU just 17 Prozent Fraen an der IT. Domadder feele Rolemodels, an deene sech Meedercher kéinten orientéieren. Sichtbar si Männer wéi Musk an Zuckerberg, keng Fraen.
Fërderprogrammer an de Schoule versiche weiblech Virbiller ze weisen: Eng Programméierin, eng Forensikerin oder eng ESA-Astronautin, déi soen: Mir hu fir eisen Dram gekämpft a kuckt, mir hunn et gepackt.
Mee fir e groussen Deel vun de Meedercher funktionéiert dësen Narrativ net. Si wëlle keng Heldinne sinn, och keng kämpferesch Feministinnen, a scho guer keng Quotefraen.
Si wollen normal schaffen, mat Kolleeginnen a Kolleegen an engem flotten Team. A genee dat misste mir an de Schoule méi liewen a fërderen.
Kee wëllt eng AI, déi just vu wäisse Männer erduecht gëtt. Diversity am IT-Beräich ass eis Zukunft, an op déi misste mir eis Kanner bewosst virbereeden. Dat fänkt an de Grondschoulen un, an däerf an de Lycéeën net ophalen.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.