D‘Iddi hannert der Participatioun un der COP28 wier et gewiescht, fir d‘Stëmm vun der Jugend op Dubai ze bréngen, erklären d‘Manon Schroeder, de Julien Lemmer-Veloso an de Paul Tabacel-Manea. D‘Manon huet 16 Joer a schafft bei der Schülerzeitung mat, de Julien an de Paul, 16 a 15 Joer al, sinn Deel vum LRSL_Actionteam4future, dat als éischten Nohaltegkeetscomité hei am Land viru bal 2 Joer gegrënnt gouf. Encadréiert gouf dee Gremium zanterhier vun der Organisatioun Youth 4 Planet, erkläert de Julien.
"Vue que datt Youth for Planet hir Organisatioun hei zu Lëtzebuerg bei eis am Lycée Robert Schuman ugefaangen huet, a mir den éischten nationalen Nohaltegkeetscomité sinn, war et am Fong zimmlech kloer, datt eis Schoul d‘Ambassadeurs-Schoul géif ginn, an datt mir mat enger klenger Delegatioun u Schüler och mat op d‘COP dierfe goen."
Op der Plaz sinn huet seng Virdeeler
D‘Weltklimakonferenz d‘lescht Joer haten déi dräi vun heiheem aus iwwer Meetinge suivéiert. Dëst Joer wollte si ganz no derbäi sinn, betount de Paul.
"Et ass besser perséinlech do ze sinn. Jo, et muss ee leider dohinner reesen, mee et kann een och déi aner Leit besser novollzéien, wéi wann een an engem Meeting sëtzt an op e Bildschierm kuckt a lauschtert, wat déi aner Leit soen. Dohanne kann ee wierklech och matschwätzen an dann och Interviewe mat deene Leit maachen."
De 7. Dezember sinn déi dräi mat hirer Coordinatrice, der Martina Baden, op Dubai gereest. Bal eng Woch laang hunn si Vertrieder aus der ganzer Welt begéint, dorënner de Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes, awer och beispillsweis d‘Delegatioune vun Inselstaaten, déi vun de Konsequenze vum Klimawandel mat am stäerkste betraff sinn. Déi hätten hinnen den Eescht vun der Lag nach emol méi no bruecht, mengt d‘Manon.
"Mir si méi geschützt, mir sinn net wierklech betraff dovun, datt de Mieresspigel klëmmt. Mir sinn net wierklech betraff vun där ganzer Verschmotzung. Kloer, mir kréie mat, datt et méi waarm gëtt, respektiv, datt d‘Wieder vill méi extrem gëtt, mee mir hunn net souvill dovunner matkritt. An et ass awer, fir da mat Leit ze schwätzen, déi dat wierklech erliewen an déi sech wierklech Suerge maachen, op se, wa se zum Beispill studéiere ginn, op se duerno nach eng Kéier kënnen op hir Insel zeréck, oder op se dann net méi existéiert, dat ass wierklech beweegend ze héieren an ze gesinn, wéi aner Mënschen dovunner betraff sinn."
Ähnlechkeete mat enger Foire
Mam Schlussaccord vun der Weltklimakonferenz sinn déi dräi jonk Lycéesschüler éischter zefridden, och wann en hinnen net wäit genuch geet. Et wier impressionant, datt esou vill Länner et fäerdeg bruecht hätten, sech iwwer esou een Dokument eens ze ginn.
"An da mécht et engem och e bëssen Angscht, wann een dann, sou wéi den éischten Text, matkritt, datt dat un e puer Länner wierklech gedroht huet ze scheiteren. A gläichzäiteg, datt et schlussendlech awer gelongen ass, gëtt engem e bëssen Hoffnung, mee et mécht e bëssen Angscht, wann ee puer Länner huet, déi dat Ganzt blockéiere kënnen."
De Paul bedauert an deem Kontext, datt no Ägypten d‘lescht, an de Vereenten Arabeschen Emirater dëst Joer, den Aserbaidschan fir d‘COP29 am November 2024 zeréckbehale gouf.
Domat wieren dräi Joer hannertenee Länner Standuert fir d‘Weltklimakonferenz, déi net besonnesch klimafrëndlech wieren, kritiséieren d‘Manon, de Julien an de Paul. Si stellen awer och d‘Unzuel an d‘Constellatioun vun de Participanten a Fro.
"Déi betraffenste Länner waren deelweis extrem niddereg representéiert. An dofir waren da Firme wierklech staark representéiert. Dat ganzt huet wierklech deelweis enger Foire geglach."
Een Event vun de Widderspréch
Kritik gëtt et awer och fir eenzel, an hiren Aen, widderspréchlech Aktiounen. Beispillsweis wier d‘Waasser a Béchse verkaf ginn, obschonn all Participant e Bidon geschenkt kritt hätt. Kaffi hätt een aus Eeweebechere kritt, an:
"Soubal een op d‘COP kënnt, gesäit een iwwerall Recycling-Dreckskëschten, wou ee ka säi Knascht recycelen. An awer zu Dubai selwer war net wierklech iergendwou eng Poubelle, wou's de kanns triéieren."
Wéi geet et elo heiheem weider? Dës Woch gi Mol nach all d‘Prüfungen an d‘Coursen nogeholl, déi wärend hirer Rees verpasst goufen. Am Januar da gëtt dat Erlieftent fir d‘Schoul verschafft, mat ënnert anerem engem grousse Reportage an der Schülerzeitung.