Radioen

On air

Notturno  |  Bert Jansch - Fresh As A Sweet Sunday Morning

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sozialplang bei der Firma SES

OGBL an LCGB mellen

Sozialplang bei der Firma SES

Deemno sollen 80 Persounen hir Aarbecht beim Satellittebedreiwer verléieren esou d‘Gewerschaften OGBL an LCGB an engem Communiqué.

auto_stories

2 min

© Paule Rodesch

D'Gewerkschaften denoncéieren de Sozialplang deen d'Direktioun vum Satellittebedreiwer de Mataarbechter:inne presentéiert huet a bezeechnen et als e Skandal. 

D'Julie Roden vum OGBL seet d'Gewerkschaften hätten sech ee plan de maintien dans l‘empoi gewënscht. 80 vu 680 Aarbechtsplaze wieren enorm. D'Gewerkschafte gesinn net an, wisou esou brutal misst ofgebaut ginn.

"Um Bockel vun den Aarbechter"

Et dierft een de Kontext net vergiessen. An de leschte 5t Joer gouf et dräi Plans de maintient dans l‘emploiën. Sech elo an Indien ze lokaliséieren, wier sech d‘Saach einfach gemaach, see d‘Julie Roden. 

"Dobäi kënnt och nach, datt hei leider nees um Bockel vun den Aarbechter ausgedroe gëtt, wann ee sech nëmmen ech awer och de Paquet salarial vun der Direktioun ukuckt, dee wierklech net grad wéineg ass, dann ass dat einfach net richteg."

Lauschterenplay_arrow

Regierung entzitt sech hirer Responsabilitéit

D‘Gewerkschaften appelléieren un d'Regierung fir anzegräifen. De Carlo Wagener vum LCGB fënnt, als Matentscheedungsträger misst déi elo Faarf bekennen.

"Et geet jo och ëm national Interessen an där SES. Ech mengen dat ass ee vun eisen Aushängeschëlder vun eiser Ekonomie. An de Staat ass do eeben och relativ staark dru bedeelegt, wat och verständlech ass."

Lauschterenplay_arrow

Elo géif d'Regierung sech awer hirer Responsabilitéit entzéien, bedauert de Carlo Wagener. 

En Dënschdeg, 19. November, fänken d‘Sozialverhandlungen bei der SES un.