Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Et feelt u Plaz an der Cité judiciaire

Kritik vum President vum Ieweschte Geriichtshaff

Et feelt u Plaz an der Cité judiciaire

Et gëtt net genuch Plaz an der Cité judiciaire. Déi Kritik huet gëschter um Mëttwoch den neie President vum Ieweschte Geriichtshaff Thierry Hoscheit beim Neijoerschpatt vun der Justiz an der Cité judiciare formuléiert.

auto_stories

1 min

Wéi d’Cité judiciaire geplangt a gebaut gouf, wier virgesi gewiescht, all d’Servicer, déi an der Stad mat der Justiz ze dinn hunn, op enger Plaz ze regroupéieren. Deem wier awer net esou. Haut wieren déi 600 Leit op fënnef Plaze verdeelt, esou d’Kritik vum Thierry Hoscheit.

Den Thierry Hoscheit presidéiert d‘Cour supérieure de justice zanter Oktober d’lescht Joer. Déi nei Justizministerin Elisabeth Margue huet an hirer Ried dorop reagéiert a versprach, datt d’Sich no neie Lokaler fir d’Justiz ganz uewen op der Prioritéitelëscht géing stoen.