search

/ Esou net méi!

Album vun der Woch

|
headphones

5 min

headphones

11 min

play_arrow

Esou net méi!

"No More Like This" ass den zweeten an neie Studioalbum vun der Londoner Band PVA. Den Titel "No More Like This", also "net méi esou", markéiert en Enn an een Neiufank. Kléngt d’Musek dann elo anescht? Wat ass mat PVA hirem elektronesche Power Pop geschitt?

headphones

5 min

headphones

11 min

play_arrow
© PVA
(Foto: PVA)

Wou PVA sech 2017 gegrënnt hu war et d’Sängerin Ella Harris an den elektronesche Produzent Josh Baxter op enger Hausparty bei Kolleegen am Süde vu London. Schonn e puer Woche méi spéit hunn déi zwee als PVA am Pub gespillt, an deem d’Ellie deemools geschafft huet.

E séieren Opstieg

2018 koum zimmlech séier ee Batteur dobäi, an der Persoun vum gewiefte Louis Satchell, deen elektronesch Pads beherrscht, well mat der Beatbox op der Bün heiansdo keen nolauschtert.

E Concert am Windmill zu Brixton - mat Batteur, deemno - huet hir Live-Reputatioun gemaach, an hinne Support Slots mat de Gréisste vun der aktueller brittescher Zeen, vu Squid bis Black Midi, agespillt.

Esou huet der Zeen hiren Hausproduzent Dan Carey den Trio och kennegeléiert a kuerzerhand op sengem Label Speedy Wunderground verflicht fir e puer Singles. Mee PVA ware fir méi Grousses bestëmmt an hunn 2020 du bei Ninja Tune ënnerschriwwen, wou hiren éischten EP dat selwecht Joer erauskoum.

E Rhythmuswiessel

Dës - an den Debutalbum "Blush" aus dem Joer 2022 - weise PVA als Drockmaschinn, déif am elektronesche Postpunk mat Four-to the-Floor Rhythmen an danzbaren Nummere wéi “Hero Man”, déi wéi aus engem 80er Jore Plattenbau-Sciencie-Fiction-Film dohierkommen, an un aner éischter düster Combinne wéi Model/Actriz oder Boy Harsher erënneren.

Mee op der neier Scheif wiessele PVA de Rhythmus an doe grouss Plagen op, an deene sech méi expansiv Gefiller a Stëmmungen entwéckele kënnen.  

Den éischten Titel "Rain" hellt sech Zäit fir an d’Gäng ze kommen, exploréiert Spriechgesang, een David-Sylvian-änlechen Drumbox-Beat, dee séier mat liichtende Synthi-Stabs a Filterfahrte miwweléiert gëtt. E rouegen, welleförmege Song, dee sech organesch opbléist an entlaascht.

Eng industriell Dance-Single

Méi no un der düsterer PVA Vergaangenheet läit “Enough”, eng low-key-Nummer, déi um Madonna säin "Justify My Love" ugeleent, Hiphip-Ästhetik mat elektronescher Klangmolerei verbënnt an een tockskäppege Refrain parat huet.

Elektronesch Perkussioun vun der feinster Zort erschaffen de konträren Univers vu “Mate”, an deen sech Triphop-Aflëss aschläichen, an deen déi ontrennbar Ontrennbarkeete vu getrenntener oder sech trennende Bezéiunge widdert ee blechent Faass schléit.

“Send” dogéint ass de Beweis, datt PVA sech erneieren an erweideren, net vergiessen. De Beat an de fetten, danzbare Bass, wieren an all Technokeller zu Berlin gutt doheem an hir fréier Single “Hero Man” verblatzt fërmlech am Verglach. Eng industriell Dance-Single vun der fatzegster Zort.

Melodien à la Björk

E puer Songs méi wäit waart d’Lead-Single “Boyface”mat engem schleefende Rhythmus an enger Blues-Bass, an Dream-Pop-Elementer am Vers, déi ee sech vun dëser Band ni erwaart hat. Och hei geet d’ Ellie e bëssen a Richtung Triphop a léisst Ukläng un d’Beth Gibbons vu Portishead erënneren, besonnesch mat esou Textpassage wéi ...

"Body and breath / To the air / Your eyes a language / Your tongue a temptress / Eyes follow you around the room"

Sënnlech also.

Op “Flood”, direkt duerno, hu PVA och keng Angscht sech un erzielerescher, elektronik-ënnerstëtzter Melodik à la Björk ze versichen, mat Erfolleg an an hire ganz eegene Parameteren, an deemno och eegen.

Afterparty-Musek

No enger laanger Triphop Jam mam Titel “Okay” ass et de Closer "Moon", dee mir et perséinlech am Meeschten ugedoen huet. Erëm sinn d’Synthie-Sounds absolut top an de Beat schwieft tëschent tribal a Grousstad-Modernitéit, Synth Pop am Stil vun The Knife oder Royksopp.

Och fir Fans vu Model/Actriz, Boy Harsher, Sunn, mee och Robyn a Billie Eilish, a Frënn vun Triphop a Synth-Pop wier des Plack ze entdecken.

Richteg danzbar sinn hei nëmmen 2 Songs, mee Afterparty-Musek ass et sécher. PVA brénge mat hire gewinnten, uergen a ruckelzege Kellerparty-Sounds d’Been zum wabbelen, mee duerchfueren och eng ganz Panoplie u positiven an negative Gefiller.

Dynamesch, mee och méi roueg wéi de Virgänger

PVA weisen hei, datt si méi kënne wéi eng klackeg Synthpop Single ze schreiwen, datt si an Albumformat Saachen erziele kënnen, deenen een nogoe wëllt, déi engem méi ginn, wéi just schnell a momentan Satisfaktioun.

“No More Like This” ass eng Plack, déi esouwuel méi dynamesch, wéi och méi roueg ass, wéi dat, wat ee vun der Band gewinnt ass. Domat och méi räich, an net manner eenzegaarteg an der momentaner Musekslandschaft 

play_arrow Lauschteren