Radioen

On air

Notturno  |  Einstürzende Neubauten - Youme & Meyou

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Esch: d'Zukunft vun der Associatioun BENU gëtt diskutéiert

Méiglech Faillite

Esch: d'Zukunft vun der Associatioun BENU gëtt diskutéiert

De Moie gouf et eng Reunioun ëm d’Associatioun BENU, un där de gesamten Escher Schäfferot Deel geholl huet, grad ewéi Vertrieder aus dem Ëmweltministère a Responsabeler vun der ASBL BENU.

auto_stories

1 min

D‘lescht Woch hat den OGBL eng méiglech Faillite gemellt an eng séier Solutioun fir déi 40 Mataarbechter gefuerdert. An de nächste Wochen si weider Gespréicher geplangt fir no Léisungen ze sichen. An de nächsten Deeg soll d’ASBL weider Informatiounen iwwert déi aktuell Situatioun liwweren, krute mer op Nofro matgedeelt.