D‘Leedung vum Musée gëtt schaarf kritiséiert. De Louvre wier zu engem Staat am Staat ginn a kee Musée dierft esou funktionéieren, esou de Bilan vun der parlamentarescher Enquêtëkommissioun.
Viru knapp enger Woch war ee Bedruchsmodell mat Entrée-Tickets am Louvre bekannt ginn. 9 Persoune goufe festgeholl, dorënner sechs Touristeguiden, zwee Mataarbechter vum Musée esou wéi eng Persoun déi verdächtegt gëtt de Reseau organiséiert ze hunn.
Bedruch mat Entrée-Tickets iwwer 10 Joer ewech
Iwwert 10 Joer ewech sollen déi accuséiert Persoune Schmu mat den Entréesticket gedriwwen an sech d'Sue selwer an Täsch gestach hunn. Den doduerch entstanene Schued fir de Musée soll sech op 10 Milliounen Euro belafen, wéi d'franséisch Police mellt. De Louvre ass mat iwwert 8 Millioune Visiteure pro Joer de meescht besichte Musée vun der Welt. Een Ticket kacht tëschent 20 an 30 Euro.
Am Oktober d'lescht Joer gouf iwwerdeems am Louvre agebrach. D'Déif hate Bijouen an engem geschate Wäert vun 88 Milliounen Euro geklaut.