Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Enovos: Versuergunsproblemer beim Gas sinn an Zukunft net ausgeschloss

Energieversuergung

Enovos: Versuergunsproblemer beim Gas sinn an Zukunft net ausgeschloss

Wann d’Wirtschaftsleeschtung an d’Temperature sech normaliséieren, da kënnen et Versuerungsproblemer beim Gas ginn, esou d’Warnung vum Generaldirekter vun Enovos Lëtzebuerg. Den Erik von Scholz verweist op déi momentan méi kleng Nofro no Energie aus Deeler vun der Industrie an aus China, grad wéi op déi aktuell Rekordwäerter bei den Temperaturen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / dpa / Marcus Brandt

De Januar 2024 war deen aachte Mount hannerteneen, deen dee wäermste war, zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen. All Kéier am Verglach mat de respektive Vergläichsméint.

Manner russescht Gas an Europa

Op dës rezent Informatioun vum Äerdobservatiounsprogramm Copernicus verweist de Generaldirekter vun Enovos Lëtzebuerg, fir ze erklären, datt duerch dës Rekordtemperature manner Gas verbraucht gouf.
Ënnert anerem dowéinst wieren d’Präisser däitlech gefall. Allerdéngs bleiwen d’Präisser op engem héijen Niveau, seet den Erik von Scholz.

"Wir stehen strukturell höher als vor der Energiepreiskrise und das liegt daran, dass russisches Gas deutlich weniger nach Europa kommt und nur teilweise kompensiert wird durch LNG-Gas."

LNG - oder verflëssegten Äerdgas - wier awer duebel sou deier, wéi Gas aus Russland, ënnersträicht de Generaldirekter vun Enovos Lëtzebuerg.

"Und es ist nicht in so grossen Mengen zur Verfügung, wie russisches Gas."

“Versuergungs-Lücke”

Wann am Oktober d’Wanterperiod an Europa ufänkt, an d’Temperature sech géifen normaliséieren, da kéinten et dem Erik von Scholz no Problemer mat der Versuergung ginn.

"Wir haben strukturell eine Gasversorgungslücke, wenn die Wirtschaftsleistung und die Temperaturen normal sind."

Vill Experte géife vun dëser “Versuergungs-Lücke” schwätzen.

"Die sehen wir einfach nicht, weil es in China ein Wirtschaftsproblem gibt, in Europa auch, und die Temperaturen weltweit so hoch sind."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Wirtschaft