Eng opgehaange Kaz an der Ausstellung “Rendez-Vous Provoqué“ hat am Joer 1994 fir Opreegung an der Lëtzebuerger Ëffentlechkeet gesuergt. Virun allem Déiereschützer:innen haten d’Installatioun kritiséiert. Siwe Joer duerno koum et ronderëm en anert Konschtwierk zu enger weiderer Poleemik, hanner där déi selwecht grondleeënd Fro stoung: Wat dierf Konscht?
Dëse “Bléck zeréck” beliicht d’Diskussiounen an d’Debate ronderëm “Lady Rosa of Luxembourg” vun der kroatescher Kënschtlerin Sanja Iveković.
Eng zweet Gëlle Fra?
Bei der “Lady Rosa of Luxembourg” huet et sech ëm eng Replik vun der Gëlle Fra gehandelt, mam Ënnerscheed, datt d’Lady Rosa schwanger duergestallt gouf. Um Sockel waren ënner anerem d’Wierder “Kitsch”, “Resistenz” a “Bitch” ze liesen.
D’Installatioun war am Mäerz 2001 net wäit ewech vum Original opgeriicht ginn. Dat als Deel vun der Ausstellung “Luxembourg, les Luxembourgeois”, déi vum Stater Geschichtsmusée a vum Casino-Forum d’art contemporain organiséiert gouf. D’Expo huet e Bléck op d‘Géigewaart an der Haaptstad geheit - op déi gesellschaftlech Stréimungen, op d’Bedeitung vun der Stad an Europa, mee virun allem op d’Mënschen, déi do liewen.
Déi kroatesch Kënschtlerin Sanja Iveković, bekannt fir hir feministesch Konscht, wollt mat hirer Installatioun ënner anerem op d’Stellung vun der Fra an der Gesellschaft, wéi och hir Leiden a Resistenz am Krich hiweisen. Dat huet och de kënschtlereschen Direkter vum Casino a Mat-Koordinator vun der Ausstellung Enrico Lunghi um Mikro vum Serge Kesseler ënnerstrach.
"Wat ech ganz kloer wëll stellen, ass, datt d'’Lady Rosa of Luxembourg’ keng Bezéiung oder kee provokant Wierk ass géint d'Resistenz, géint d'Fräiheet, mee et ass e Wierk, dat geduecht ass fir d'Fraen, d'Leid vun de Fraen (ze weisen), an am Fong ass et ee Monument fir all déi Fraen, déi gelidden hunn an nach ëmmer leiden, an déi am Fong kee Monument do hunn."
"Datt dee Schandfleck esou séier wéi méiglech verschwënnt"
Där Kloerstellung goungen e puer turbulent Wochen an der Lëtzebuerger Press viraus. Den 1. Mäerz 2001 stoung am Journal ze liesen, datt Kommentaren a Kriticken un der Installatioun wuel net laang op sech waarde géinge loossen.
E puer Deeg drop huet d’Zeitung ee fräie Meenungsbäitrag vum fréiere Resistenzler a Politiker Jean Hamilius publizéiert, an deem dëse fonnt huet, datt een national Symboler net “verhöhnen” dierft. An deenen nächste Woche waren et du virun allem Lieserbréiwer am Luxemburger Wort, déi den Discours ëm d’Wierk verschäerft hunn. Ënner anerem war vun “Hondsgemengheet”, “Schund” a “Sauerei” ze liesen.
Besonnesch d’Organisatiounen, déi sech fir d‘Mémoire un déi Lëtzebuerger Resistenzler, Wehrmachtsdeserteuren an Zwangsrekrutéierten am Zweete Weltkrich agesat hunn, hu sech um Wierk gestéiert. Dofir hate si sech an engem “Comité géint déi zweet Gëlle Fra” zesummegedoen.
Dës Fuerderungen a Kriticke waren och op der Antenn vum Radio 100,7 ze héieren. Esou zum Beispill vum Jos Weirich (1922-2010), deemolege President vun der Organisatioun vun den Zwangsrekrutéierten Enrôlés de force. Hien hat d’Nidderleeung vu Blumme virun der Gëlle Fra am Kader vun der Oktav genotzt, fir d'Ofneigung vun him a senger Associatioun vis-à-vis vun der Lady Rosa auszedrécken.
“Well wann dat hei géif Schoul maachen, da kéint jo ee gudden Dag kommen, datt onse ‘Memorial de la Deportation’, d'Gare vun Hollerech, dass déi och eng Kéier géif iergendwéi kopéiert ginn an dann doropper vläicht Nimm kéinte stoen, wéi zum Beispill Assassin, Collaborateur, an ech weess net wat mir alles eis afale gelooss hunn, fir hei ze schreiwen, Kitsch an esou weider. Dat ass ëm wat et eis geet an dofir wiere mir eis, bis op onse Maximum, dass dee Schandfleck do, dass deen esou séier wéi méiglech verschwënnt an dass esou eppes ni méi virkënnt.”
Resistenz géint Resistenzler
Dës Meenungen a Fuerderunge goufen awer net vu jidderengem gedeelt. Nieft de Responsabele fir d’Ausstellung, wéi dem Enrico Lunghi, hu Journalisten, Auteuren a Fraenassociatiounen d’Konschtwierk anescht interpretéiert a sech vehement géint ee fréizäitegen Demontage gewiert.
De Schrëftsteller Guy Wagner (1938-2016) konnt net verstoen, wéi Opfer vum Naziregimm quasi déi selwecht Methode wéi hir Ënnerdrécker wiele konnten. Schliisslech wier d’Gëlle Fra vun den Nazien och als “Schandmahl” betruecht an dowéinst ofgerappt ginn. A sengen Ae misst een zu Lëtzebuerg nach léiere sech mat neier, deels provokanter Konscht auserneenzesetzen.
"Ob een d‘Accord ass domat oder net, mee hei ass einfach de gudde Wëllen dee feelt, fir sech op dem Standpunkt vun der Konscht mat engem Wierk ausernanerzesetzen, wat iwwer dat eraus ass, wat d'Lëtzebuerger gewinnt sinn als geheekelt Hirschen un hire Maueren hänken ze hunn."
De Josy Braun (1938-2012), fréiere Journalist beim Tageblatt, hat 1981 an engem Artikel opgedeckt, dat d’Gëlle Fra net verschwonne wier, mee ënner dem Stade Josy Barthel géing leien. A Bezuch op d’Lady Rosa hat hien zwar Verständnes fir déi ufänglech Schock-Reaktioun vun den Affer vum Naziregimm, mee dës misste sech awer och op de Message vum Konschtwierk aloossen a méi reflektéiert domat ëmgoen.
"Op där anerer Säit mussen déi Leit awer och zougänglech sinn zu den Argumenter vun deem zweete Monument. (...)Déi kroatesch Kënschtlerin déi seet, mir liewen an enger machistescher Gesellschaft. D'Fra, déi Affer ass am Krich, genee esou gutt wéi d'Männer, kënnt herno bei den Helden ni zum Zuch, obwuel si selwer am Krich heiansdo souguer méi matmécht wéi d'Männer. Ech mengen déi Vergewaltegung, déi Schwangerschaften an all Méigleches, hir Kanner verluer an esou, vun deene schwätzt kee vill."
Schlussendlech hate sech och siwe Fraenassociatiounen, ënner anerem de CID Femmes a Femmes en détresse, zesummegedoen an hir Vue zur Polemik kloergemaach. Si hunn am Wierk eng “Reflexioun iwwer déi national, kënschtleresch oder feministesch Fräiheet” gesinn an hunn hiert Onverständnis doriwwer ausgedréckt, dat d’Lady Rosa esou falsch verstane kéint ginn.
Kulturministerin ënner Drock
Déi deemoleg Kulturministerin Erna Hennicot-Schoepges (CSV) huet trotz dem ëffentlechen Drock eng fréizäiteg Demontage vum Konschtwierk ausgeschloss. Dës Fuerderunge koumen ënner anerem och vun hirer eegener Partei a Form vun enger parlamentarescher Fro, déi den CSV-Deputéierte Fred Sunnen den 10. Abrëll 2001 u si adresséiert hat.
"D’Texter, déi um Sockel stinn, géife sech op patriotesch Wäerter bezéien, op déi kulturell Identitéit an op extreem Wierder, déi oft géife gebraucht ginn, fir Fraen ze bezeechnen. Dës Wierder géife sech net op déi richteg Gëlle Fra bezéien, mee géifen zur ‘Lady Rosa of Luxembourg’ gehéieren. Dat Ganzt wier keng Attack géint een nationaalt Monument, mee eng Opfuerderung fir sech Gedanken ze maachen, iwwer déi reell Situatioun vun der Fra an eiser Gesellschaft, a wéi ee mam Fraebild ëmgeet, esou d’Conclusioun vun der Ministerin." - Jean-Claude Wolff
D’Kulturministerin hat deementspriechend och decidéiert, datt d’Lady Rosa nach bis zum Schluss vun der Ausstellung am Juni stoe géing bleiwen. An esou war et dunn och.
Ee Schlusskommentar zum Ofbau vun der “Lady Rosa of Luxembourg“ den 3. Juni huet de Jean-Pol Roden op der Antenn vum Radio 100,7 formuléiert:
An haut?
D’Lady Rosa gouf no der Ausstellung "Luxembourg, les Luxembourgeois" an engem Hannerhaff am Rollengergronn an zu Izeg an de Raimlechkeete vun der Initiativ Liewensufank deposéiert. Mee duerno gouf si nach op ville prominente Plazen, wéi zum Beispill am Museum of Modern Art zu New York oder op der documenta zu Kassel ausgestallt. An hire Wee huet si am Joer 2012 nach eng weider Kéier op Lëtzebuerg an de Mudam geféiert.
Déi staark Kritiken an d’Fuerderungen nom Demontage vu “Lady Rosa of Luxembourg” hunn also schlussendlech genau de Géigendeel bewierkt: D’Konschtwierk huet eng wichteg Debatt iwwer Identitéit, Erënnerung an d’Roll vun der Konscht an eiser Gesellschaft ugestouss an ass mat der Polemik an dat kollektiivt Gediechtnes vu Lëtzebuerg katapultéiert ginn.