Radioen

On air

Concert  |  Zwou Uropféierungen

play_arrow Live
search

/ En Donneschdeg ass déi national Logementsreunioun

Logementskris

En Donneschdeg ass déi national Logementsreunioun

D‘Logementskris zu Lëtzebuerg steet muer um Donneschdeg am Mëttelpunkt vun der nationaler Logementsreunioun am Schlass zu Senneng.

auto_stories

1 min

Illustratioun Logement Constructioun | © Robert Cumming
Illustratioun Logement Constructioun (Foto: Robert Cumming)

De Staatsministère preziséiert an engem Communiqué: Bei der Reunioun muer sinn d‘Regierung, de Gemengesyndikat Syvicol, a Vetrieder vun de private Secteure Bau, Handwierk a Banken derbäi. D‘Regierung ass vertrueden duerch de Premier Luc Frieden an d‘Ministere Claude Meisch, Lex Delles, Yuriko Backes, Gilles Roth, Léon Gloden a Serge Wilmes.

Diskutéiert gëtt op där Logementsreunioun iwwer konkret Propositioune fir d‘Offer u Logementer signifikativ a laangfristeg ze stimuléieren, sou de Staatsministère.