Am Summer zejoert haten zwou Millioune Bierger:innen eng Petitioun géint déi ëmstridde Loi Duplomb ënnerschriwwen. D‘Assemblée nationale huet hënt déi grad esou ëmstridde Loi d’urgence agricole ugeholl. Dëst Gesetz ass a wäiten Deeler identesch mat der Loi Duplomb. Am Summer zejoert haten zwou Millioune Bierger:innen eng Petitioun heigéint ënnerschriwwen.
Regierung iwwerléisst dem Parlament dat lescht Wuert
Scho gëschter am Nomëtteg war déi franséisch Regierung zesummen, fir iwwer hir Positionéierung bei dësem Gesetzestext ze diskutéieren.
D'Regierung huet sech schlussendlech dozou entscheet keen Amendement géint den Asaz vun zwee Pestiziden, déi a Frankräich aktuell verbuede sinn, anzebréngen. Villméi wollt d'Regierung hei dem Parlament dat lescht Wuert loossen.
"Keng aner Alternativ"
D’Assemblée huet d’Gesetz hënt mat 296 Jo- géint 224 Nee-Stëmmen ugeholl. Fir d’Landwirtschaftsministesch Annie Genevard gouf et hei keng aner Alternativ. D’Baueregewerkschafte begréissen, datt déi zwee Pestiziden op en Neits erlaabt solle ginn
D'Ëmwelt- an Dokteschverbänn a Frankräich kritiséieren dëst awer schaarf. Mee net just ausserhalb, mee och am Parlament huet déi nei Erlabnis fir den Asaz vun den ëmstridde Pestizide fir vill Debatte gesuergt.
"Gesetz, dat d'Bevëlkerung vergëft"
D’Deputéiert Aurélie Trouvé vun der Lénkspartei LFI hat gëschter am Parlament kloer Wierder fonnt. Dëst wier e Gesetz, dat d'Bevëlkerung vergëft.
D’Gauche hat eng sëllegen Amendementer abruecht, déi awer ouni gréisseren Debat vun der Regierung rejetéiert goufen.
Déi fréier Ministesch fir d’ekologesch Transitioun, d’Agnès Pannier-Runacher, huet dat kritiséiert. Iwwerhaapt war de Bloc Central beim Gesetz gedeelter Meenung.
Zwee Insektizide kommen nees zum Asaz
Am neie Gesetz ass festgehalen, datt den Asaz vun den zwee Pestizide just a verschiddene landwirtschaftleche Beräicher, respektiv an Ausnamefäll, soll erlaabt ginn.
Méi genee handelt et sech ëm den Insektizid mam Numm acétamipride, deen am Joer 2018 verbuede gi war. Grad wéi den Insektizid Flupyradifurone, mat deem ënner anerem Blatläis doutgemaach solle ginn.
De Senat a Frankräich muss haut nach gréng Luucht ginn, éier d’Gesetz promulgéiert gëtt.