Radioen

On air

9 bis 1  |  White Denim - Second Dimension

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ëmmer méi Leit maache Gebrauch vun der Wanteraktioun

Gesellschaft

Ëmmer méi Leit maache Gebrauch vun der Wanteraktioun

D'Wanteraktioun accueilléiert ëmmer méi Leit. Dat géing virun allem un deene kalen Temperature leien an et wier de gewinnten Zäitpunkt fir Peak-Zuelen, seet de Familljeminister, Max Hahn.

auto_stories

1 min

Hien erkläert awer weider, datt nach liichte Sputt no uewen do wier. An deene leschten Nuechten hate ronn 270-280 Leit an der Wanteraktioun geschlof. Déi maximal Kapazitéit gouf viru Kuerzem op 300 Better erhéicht.

Meteolux mellt fir de Rescht vun der Woch weider Minusgraden. Dozou wat geplangt ass, wann d’Better an der Wanteraktioun net méi sollten duer goen, wëll de Famillje-Minister awer Näischt soen.

Dem Max Hahn no wier et nach ze fréi konkret Moossnamen ze annoncéieren.