Radioen

On air

Notturno  |  Beth Orton - Fractals (Radio Edit)

play_arrow Live
search

/ Ëmmer méi Krichsschëffer am Roude Mier

Koalitioun géint d‘Attacke vun den Huthi Rebellen

Ëmmer méi Krichsschëffer am Roude Mier

Déi international Koalitioun géint d‘Attacke vun den Huthi Rebellen op Transportschëffer am Roude Mier konkretiséiert sech: De britteschen Zerstéierer HMS Diamond wier am Roude Mier ukomm an hätt sech do dräi Krich-Schëffer aus den USA, an engem aus Frankräich, ugeschloss, huet Groussbritannien matgedeelt.

auto_stories

1 min

Ee weidert Krichsschëff aus Italien soll haut an d‘Regioun geschéckt ginn, esou den italieenesche Verdeedegungsministère.

D‘Huthi Rebellen am Jemen, déi vum Iran ënnerstëtzt ginn, hunn Transport-Schëffer am Roude Mier mat Rakéiten an Dronen ugegraff. Si soen, si géife kee Schëff méi um Wee an Israel duerchloossen, ausser därer, déi Hëllef an d‘Gazasträif bréngen.

Sämtlech grouss Schëff-Gesellschaften hunn hir Transporter am Roude Mier gestoppt.