search

/ Emmanuel Macron: D’Situatioun ronderëm Grönland een “appel au réveil”

Dänemark - Grönland

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Emmanuel Macron: D’Situatioun ronderëm Grönland een “appel au réveil”

Um Méindeg koumen déi dänesch Premierministesch, de grönlännesche Premier an de franséische President zu Paräis zesummen. Do hu si sech fir eng méi staark NATO-Presenz an der Arktis ausgeschwat.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
V.l.n.r. grönlännesche Premier Jens-Frederik Nielsen, franséische President Emmanuel Macron an dänesch Premierministesch Mette Frederiksen | © EPA/THOMAS PADILLA / POOL MAXPPP OUT
V.l.n.r. grönlännesche Premier Jens-Frederik Nielsen, franséische President Emmanuel Macron an dänesch Premierministesch Mette Frederiksen (Foto: EPA/THOMAS PADILLA / POOL MAXPPP OUT)

Grönland dominéiert zënter Wochen d’Aktualitéit. Dat wéinst dem US-amerikanesche President Donald Trump senge Pläng, d'Kontroll iwwer den Territoire ze kréien. Och wann den Donald Trump lescht Woch seng Droungen deelweis revidéiert huet, bléift een an Europa besuergt. 

Lescht Woche missten Europa ze denke ginn

Nodeems déi dänesch Premierministesch Mette Frederiksen an de grönlännesche Premier Jens-Frederik Nielsen en Dënschdeg an Däitschland op Besuch beim Bundeskanzler Friedrich Merz waren, war et um Mëttwoch de franséische President Emmanuel Macron, deen den Duo am Elysée empfaangen huet.

Bei der Pressekonferenz huet de Macron ënnerstrach, datt déi lescht Wochen Europa ze denke misste ginn. D’Situatioun ronderëm Grönland wier ee strategeschen “appel au réveil” fir ganz Europa.

"Arktesch Strategie iwwerdenken"

Virun zwou Wochen haten e puer europäesch Partner, dorënner Frankräich, am Kader vun der Missioun “Arctic Endurance” Zaldoten a Grönland geschéckt an domadder en Zeeche gesat. Europa ass bereet, fir d’Sécherheet vum arkteschen Territoire ze suergen.

D’USA huet de Macron zwar net direkt genannt. Hien huet villméi mat Verweis op Russland a China gefuerdert, datt d’NATO méi Presenz an der Arktis weist. D‘NATO Partner diskutéieren den Ament eng gemeinsam Missioun a Grönland. Frankräich géing sech dëser uschléissen.

"L'Union Européenne doit prendre toute sa part dans ses efforts, y compris en révisant sa stratégie arctique cette année."

Dialog mat den USA - Nach keen Deal

Déi dänesch Premierministesch Mette Frederiksen war um Mëttwochowend nach Invitée op France 2 a sot, Europa hätt an de leschte 15 Deeg Eenheet demonstréiert an och esou de President Trump vu senger Iddi ofbruecht Stroftaxen ze erhiewen.

Een Deal, wéi et den Donald Trump genannt hat, géing et beim Sujet Grönland nach net ginn, esou d’Frederiksen. Et wier een awer am Dialog. Si kéint d’Motivatioun vum Trump net verstoen, well een zënter Joerzéngte mat den USA zesumme fir d’Sécherheet vu Grönland géing suergen.

Eng wichteg Lektioun missten d’Europäer aus de geostrategeschen Entwécklungen zéien, esou d’Premierministesch: Europa muss militäresch oprüsten, éier et ze spéit ass. Dat, esou d’Frederiksen, kéint nämlech schonn an den nächste Joren de Fall sinn.

play_arrow Lauschteren