Mat de Mesurë vum éischten nationale Plang fir de Kampf géint Antisemitismus soll virun allem den Dialog héisch gehale ginn, sou de Premierminister Xavier Bettel.
Eng zentral Ulafstell schafen
Den Aktiounsplang regruppéiert zum Deel scho bekannt Mesuren, esou zum Beispill Aspekter vum “Digital Services Act”, mat deem am Internet méi séier ka Plainte géint illegal Contenuë gemaach ginn. An deem Kader soll och BEE Secure eng Sensibiliséierungs-Kampagne lancéieren.
Fir Affer vun Antisemitismus soll eng zentral Ulafstell geschaaf ginn, déi net judiciair ass. Op déi Manéier hätten d’Affer d’Méiglechkeet, ee Rotschlag ze kréien, ob an hirem Fall sollt eng Plainte gemaach ginn, erkläert de Xavier Bettel.
“Well am Moment si jo vill Leit, déi dee Schrëtt vis à vis vun enger Police net onbedéngt wëlle maachen, well si sech net trauen oder well si net wëllen. An dofir ass et och wichteg, fir all déi Akten, déi elo villäicht net brutal sinn, net violent sinn, wéi een esou schéin op Franséisch seet, mee déi éischter eng portéee moyenne oder mineure hunn, fir datt déi awer eng Kontaktpersoun hunn, wou si dann op d’Mannst een oppent Ouer fannen.”
Antisemitismus bleift ee Problem
Etüde géife weisen, datt d’Feindséilegkeet géintiwwer Judden nach ëmmer ee Problem an eng global Erausfuerderung ass, seet Katharina von Schnurbein, Coordinatrice an der Europäescher Kommissioun fir de Kampf géint Antisemitismus.
“Europaweit empfinden 9 von 10 Juden einen Zuwachs von Antisemitismus. Und auch jeder zweite Europäer der Gesamtbevölkerung sagt, dass Antisemitismus in seinem Land ein Problem ist.”
Ee Comité interministériel soll de Suivi vun dësem éischte Plan National fir de Kampf géint Antisemitismus maachen, sou nach de Staatsminister Xavier Bettel.