arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt NATO-Reunioun vum Joer: Hëllefe fir Ukrain a Militärpresenz an der Arktis

Verteidegung

|
headphones

1 min

Éischt NATO-Reunioun vum Joer: Hëllefe fir Ukrain a Militärpresenz an der Arktis

Zu Bréissel kommen haut um Donneschdeg, d‘Nato-Defenseminister:inne fir hir éischt Reunioun fir dëst Joer zesummen. Am Mëttelpunkt sti weider Militärhëllefe fir d'Ukrain an d‘Diskussiounen iwwer eng verstäerkte Militärpresenz an der Arktis. 

headphones

1 min

Treffe vun den NATO-Defenseminister:innen | © EPA/OLIVIER MATTHYS
Treffe vun den NATO-Defenseminister:innen (Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

Den US-amerikanesche Verdeedegungsminister Pete Hegseth ass bei der Reunioun zu Bréissel net dobäi. Hie gëtt vum Staatssekretär Elbridge Colby vertrueden. Dee sot, datt d‘US-Regierung an den Donald Trump zefridde wiere mat de Beméiunge vun der EU, fir méi an d‘Defense ze investéieren an d‘Chargë méi fair opzedeelen. 

Och den Nato-Generalsekretär Mark Rutte huet sech zefridde gewisen. Hie huet besonnesch Däitschland gelueft, déi hir Verdeedegungsdepensë jo massiv bis 2029 wëllen eropsetzen.

Och déi Lëtzebuerger Defenseministesch Yuriko Backes ass bei der Nato-Reunioun dobäi.