Wéi eng Mataarbechter:innen hir Aarbecht wäerte verléieren, wier awer weiderhin onkloer. Déi Betraffe wéissten dat eréischt, wa si de Bréif géife kréien.
D'ADEM wier iwwerdeems amgaangen zesumme mat Amazon Informatiouns-Seancen ze preparéieren. Dat sot den Aarbechtsminister Marc Spautz Enn leschte Mount an der Chamber.
Bei deene Seancë soll et awer net just dorëms goe wat aarbechtsrechtlech machbar ass, mee och wat de Sujet Immigratioun ugeet, fir alleguerten déi Amazon Mataarbechter, déi Net-EU-Bierger sinn, a méiglecherweis riskéieren hiren Aarbechtsvisa ze verléieren.