Radioen

On air

9 bis 1  |  Triana Y Luca - Raíz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eis feelen d’Wierder"

Caritas-Affär

"Eis feelen d’Wierder"

Den David Pacoto Langoya huet am Südsudan fir d’Caritas Lëtzebuerg geschafft. Am 100,7-Interview beschreift hien, wéi et ass fir laangjäreg humanitär Projeten an engem vun den äermste Länner vun der Welt ofzewéckelen.

auto_stories

3 min

headphones

12 min

play_arrow
Den David Pacoto Langoya schafft am Südsudan fir d'Caritas.

Ee groussen Deel vun den internationale Projete vun der Caritas gëtt an der Suite vum Finanzbedruch gestoppt. Notamment mécht d’Caritas hire Büro am Südsudan zou – ee Land an deem d’Caritas zënter 2006 present ass. 55 Leit verléieren hei hiren Job.

Den David Pacoto Langoya ass ee vun hinnen. De Südsudanes huet dräi Joer fir d’Caritas Lëtzebuerg geschafft.

Weder hien nach seng Aarbechtskolleegen hunn den Ament Aussiicht op een aneren Job.

"Et ass eng ganz schwiereg Situatioun. Et gëtt eng Wirtschaftskris hei am Land. D’Personal ass traumatiséiert. Ech weess net, wéi d’Leit domat wäerten eens ginn. Mee d’Communautéiten, déi bis elo Hëllef vun eis kruten, dat sinn Dausende Leit. De Schued ass verheerend."

A fir all deene Leit matzedeelen, datt elo keng Hëllef méi kéim, ass fir den David Pacoto Langoya am Moment déi gréisste Schwieregkeet. D‘Leit géifen hinnen och net wierklech gleewen.

"Et ass schrecklech. Schrecklech. Mir konnten an der Vergaangenheet ënnerernierte Kanner hëllefen, grad ewéi ënnerernierte Fraen déi schwanger sinn oder nieren. Si kommen elo bei eis, a mir kënnen näischt méi maachen. Mir hu keng Sue méi. Dat ass een trauregen Deel vun der Realitéit.”

Am Südsudan ass kloer, datt quasi all d’Aktivitéite vun der Caritas Lëtzebuerg definitiv gestoppt ginn. Just fir d’Bedreiwe vun dräi Spideeler huet sech eng aner Caritas fonnt, déi aspréngt, fir datt déi Aarbecht nach bis Januar ka weider gefouert ginn. Mee den Ament gesäit et dono aus, wéi wann iwwer 50.000 Leit dono den Accès zu enger Gesondheetsversuergung verléieren.

Opruff an déi Lëtzebuerger Regierung

Den David Pacoto Langoya wëll sech domat net offannen. Zesumme mat enger Rei vu sengen Aarbechtskolleege wëll hien eng nei Organisatioun grënnen, déi op d‘mannst een Deel vun de Projete kéint weider féieren. D’Expertise an de Kontakt zu de Communautéite wieren do. Wat feelt, wieren d’Suen.

"Mir brauchen Ënnerstëtzung. A mir géifen déi Lëtzebuerger Regierung gäre bieden eis net ze vergiessen."

Lëtzebuerg hätt vill um Terrain investéiert, dat sollt een elo net a kuerzer Zäit futti goe loossen.

Aktuell gesäit et eisen Informatiounen no awer net dono aus, datt den Ausseministère envisagéiert Projeten am Südsudan weider ze ënnerstëtzen.

Lescht Salairë solle bezuelt ginn

Wéinst dem Finanzbedruch konnt d’Caritas net méi déi lescht Salairen an och d’Rentenuspréch vun hire Mataarbechter am Südsudan bezuelen. De Bistum huet sech bereet erkläert fir déi ronn 310.000 Euro, déi d’Personal ze gutt huet, ze iwwerweisen.

Nach sinn déi Suen awer net beim Personal ukomm, well et aus verschiddene Grënn net einfach ass Suen an de Südsudan ze iwwerweisen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Caritas