Radioen

On air

Notturno  |  Jambal - Remedy Of Tomorrow

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gemeinsam Positioun am No-Ost-Konflikt fonnt

EU-Sommet

Gemeinsam Positioun am No-Ost-Konflikt fonnt

Déi 27 EU-Staats a Regierungscheffen hu gëschter Owend op hirem Sommet zu Bréissel eng gemeinsam Positioun zum Konflikt am Noen Oste fonnt. Si hunn d’Attacke vun der Hamas op Israel nach emol ausdrécklech verurteelt. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Mee an der Ofschlossdeklaratioun vum Sommet steet och: Déi humanitär Situatioun an der Gazasträif géif ëmmer méi schlëmm ginn, an dofir fuerdert d’EU “humanitär Korridoren a Pausen”.

Net eens iwwer genau Formulatiounen

Iwwert déi genee Formulatioun waren d’EU Staats- a Regierungscheffen sech laang net eens.  Spuenien an Irland wollte méi wäit goen an hunn en humanitäre Waffestëllstand gefuerdert. Mee Länner wéi Däitschland, Éisträich an Ungarn ware strikt dergéint fir d’Wuert “Waffestëllstand ze benotzen”. De Premier Xavier Bettel erkläert

Mir kënne och net Israel d’Recht ewech huelen sech ze verdeedegen. D’Attacke vum Hamas sinn net akzeptabel.”

Humanitär Pausen als gemeinsam Fuerderung

Op där anerer Säit, géif awer och déi humanitär Situatioun an der Gazasträif ëmmer méi prekär ginn, an dofir fuerdert d’EU, datt eben humanitär Pause kënnen decidéiert ginn, fir séier a sécher Hëllefsliwwerung an d’Gazasträif ze bréngen, an, wéi de Xavier Bettel nach sot; fir datt Leit flüchte kënnen, wann déi israeelesch Buedemoffensiv kënnt. Hie wier frou, datt d’EU, déi an hire Reaktioun op d’Gewalteskalatioun am Noen Oste laang gedeelt war, elo e Kompromëss fonnt huet, dat géif awer net duer goen.

 Pause ginn net duer, well mäi Wonsch ass wierklech, datt alles géif ophalen. An Dofir ass et fir mech immens wichteg, datt am text dra steet, datt eng Friddensinitiativ soll geholl ginn.“

 D’EU hält un zwee-Staate Léisung fest

D’EU wëll sech weider um politesche Plang fir eng zwee-Staate Léisung asetzen, also e palestinensesche Staat nieft Israel. An deem Sënn soll geschwënn eng international Friddenskonferenz iwwert de Noen Osten ofgehale ginn, steet nach an der Ofschlossdeklaratioun.

Iwwer d’Ukrain hunn déi 27 gëschter nach net vill geschwat – d’EU wëll der Ukrain am russeschen Ugrëffskrich weider voll Ënnerstëtzung zousoen – dat gëtt dann haut den Haaptthema um zweeten a leschten dag vum EU Sommet hei zu Bréissel.

Lauschterenplay_arrow