arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eenegkeet am CSV-Nationalrot ronderëm d'Fro vun der Ofdreiwung an der Verfassung

CSV-Nationalrot

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Eenegkeet am CSV-Nationalrot ronderëm d'Fro vun der Ofdreiwung an der Verfassung

Den Nationalrot vun der CSV huet gëschter Owend op enger Reunioun zu Walfer mat grousser Majoritéit decidéiert, datt de Prinzip vun der Fräiheet op eng Ofdreiwung an d'Verfassung soll ageschriwwe ginn.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

De Premier an CSV-Parteipresident Luc Frieden hat de Membere vum CSV-Nationalrot proposéiert, de Prinzip vum Avortement an der Verfassung ze verankeren, dobäi gouf bei der CSV den Term "Fräiheet" fir all Fra op de "libre choix" vun enger Ofdreiwung guttgeheescht, erkläert d'Françoise Kemp, CSV-Generalsekretärin.

"Mir hunn eis fir d'Liberté entscheet, fir ze soen, de Choix ass wichteg. Mir wëllen d'Fra a Rechter weider stäerken a virun allem der Fra hir d'Recht op Autodeterminatioun."

Keng Ännerung am Verglach mat haut

Aner Parteie wéi déi Lénk zum Beispill hate sech éischter fir den Terme vu "Recht" op eng Ofdreiwung ausgeschwat, mee och den Term "Fräiheet" géif par rapport zu haut näischt änneren, betount d'Françoise Kemp.

"A menge perséinlechen Aen ass et, mir kënne soen, datt mir d'Dokteren net obligéieren, eng Ofdreiwung ze maachen. Mat der 'Liberté' ass weiderhin de fräie Choix an domat ännert sech näischt fir d'Dokteren."

Wärend der Reunioun vum CSV-Nationalrot hätt et och markant Momenter ginn, wéi d'Françoise Kemp dat beschreift.

"Et war e ganz konstruktiivt Gespréich. Et war och flott, datt vill Fraen hir perséinlech Erfarunge mat eis gedeelt hunn. Dat huet d'Gespréich nach méi wäertvoll a fruchtvoll gemaach."

Chamber: Zweedrëttelmajoritéit ass néideg

Nächste Méindeg scho soll an der Chamber-Institutiounekommissioun deen Amendement virgestallt ginn, sot den CSV-Deputéierten a President vun der Institutiounekommissioun Laurent Zeimet.

"Ech ginn dovun aus, datt deen Text, dee jo dann e gemeinsamen Text ass vun CSV an DP, elo als Amendement wäert presentéiert ginn der Kommissioun. Mir hunn de 6. Oktober, also e Méindeg elo dee kënnt, e Rendez-vous an der Kommissioun, fir déi Diskussiounen iwwer déi Proposition de révision weiderzeféieren."

D'CSV wéilt ee breede Konsens an der Chamber doriwwer fannen. Eng Zweedrëttelmajoritéit ass nämlech néideg fir eng Verfassungsännerung. Duerno muss nach deen Text vum Staatsrot gréng Luucht kréien.

Den CSV-Generalsekretär Alex Donnersbach huet am 100,7-Interview iwwer d'CSV-Positioun beim Theema Avortement geschwat

play_arrow Interview mam Alex Donnersbach

play_arrow Lauschteren