De klenge Fliger ass an engem Quartier erofkomm, an deem doropshin e puer Haiser an Autoe gebrannt hunn. D’Autoritéite ginn dann och dovun aus, datt och Affer um Buedem ze bekloe sinn.
De Fliger, deen als Ambulanz genotzt gouf, war um Wee op Springfield-Branson am Staat Missouri, wéi et zum Accident koum. U Bord war ënner anerem e klengt Meedchen, dat eng medezinesch Behandlung kritt hat, déi him d’Liewe gerett hat a wouropshin d’Kand sollt Heem bruecht ginn.