Zënter 5 Joer bitt d’Uni Lëtzebuerg eng Bachelor-Formatioun an der Medezin un. Un Aschreiwunge feelt et net: 178 Studenten a Studentinne waren et d’lescht Joer am Bachelor.
Medezinstudenten zu Lëtzebuerg halen
Aktuell sinn eng 770 Studenten a Studentinnen aus Lëtzebuerg an enger medezinescher Ausbildung an engem anere Land ënnerwee. Déi meescht kommen nom Studium awer net zeréck op Lëtzebuerg, well si dacks schonn hiert Liewen an deem Land opgebaut hunn.
Eng Léisung, iwwer déi scho méi laang diskutéiert gëtt, wier ee Master an der Medezin zu Lëtzebuerg unzebidden. Dat kéint d’Studente fideliséieren. Op enger Konferenz zu de Perspektiven am Medezinstudium huet d’Héichschoulministerin Stéphanie Obertin vu ganz positive Perspektiven an deem Beräich geschwat.
Positiv Evaluatioun vum Bachelor
Een éischte Schratt ass gemaach gi mat enger externer Evaluatioun vun der Bachelorformatioun an der Medezin. D’Resultater goufen der Ministerin d’lescht Woch matgedeelt. Déi éischt Studenten, déi 2020 mat hirem Studium ugefaangen hunn, sinn no hirem Bachelor an d’Ausland studéiere gaangen.
D’Evaluatioun vun der Bachelorformatioun konnt doropshi realiséiert ginn. Déi wier éischter positiv ausgefall, erkläert d’Héichschoulministerin Stéphanie Obertin.
"Déi Analys ass gemaach gi vun enger externer Entreprise, déi evaluéiert huet, wéi wäit ass eise Bachelor gutt opgestallt. Et sinn ëmmer Punkten, déi verbesserungswierdeg sinn. An dat ass mengen ech och normal. Mee et si lauter Punkten, op deene mir kënnen opbauen. An et ass mat där Evaluatioun, déi eis e bëssen als Basis déngt, fir am Fong d'Diskussioun ze féieren iwwer de Master."
An engem Aarbechtsgrupp géing ee kucken, wat d'Besoinen zu Lëtzebuerg infrastrukturméisseg, budgetsméisseg, a personalméisseg wieren, fir kënnen esou ee Master och hei zu Lëtzebuerg ze proposéieren.
D’Evaluatioun vun de Besoine vun enger Masterformatioun dierft Enn dës Joers um Dësch leien, sot d’Stéphanie Obertin.
Och d'Spideeler musse prett sinn
Mee aneschters wéi bei engem Bachelor muss ee fir de Master ee ganz anert Ëmfeld opbauen, betount de Rekter vun der Uni Lëtzebuerg, de Jens Kreisel.
"Es geht da wirklich um einen Systemwechsel in Luxemburg, wo die Universität zesummenarbeitet, auch mit den Krankenhäusern, und das heisst, auch für uns an der Universität, noch mehr Infrastrukturen für klinische Forschung aufzusetzen."
Et géing awer och bedeiten, datt d'Spideeler sech dorop missten astellen, méi Leit auszebilden.
Dofir een Universitéitsspidol ze hu wier net onbedéngt néideg, dofir awer eng enk Zesummenaarbecht mat de Spideeler, fënnt d’Héichschoulministesch.
"Et ginn awer och Modeller, déi mir hei zu Lëtzebuerg kënnen undenken, wéi et an eisem Ekosystem, am klenge Land, mat véier grousse Spideeler, kënnen ze kucken, wéi mir zesumme kënne schaffen an am Fong déi Formatioun dann och an deene Spideeler unzebidden."
Fir ee Masterstudium an der Medezin kënnen unzebidden, mussen och verschidde Gesetzer ofgeännert ginn. Weider mussen d’Infrastrukturen och ageschat a finanziell ofgeséchert ginn. Un där Evaluatioun ass een Aarbechtsgrupp amgaangen ze schaffen.
Master net virun 2030
Wéini awer kéint een op der Uni Lëtzebuerg da konkreet dee Master ubidden? Den Uni-Rekter Jens Kreisel gëtt ze verstoen, datt dat Zäit brauch.
"Wenn man jetzt einfach nur daran denkt, dass man 15 bis 20 Professanten einstellen müssten, dass man auch viel gesetzlich aufsetze muss mit den Krankenhäusern, dafür braucht man sicherlich noch drei bis vier Jahre mindestens. Also es ist nicht denkbar, den Master anzufangen vor 2030."
Parallel zum Master ginn op der Uni nei medezinesch Spezialisatiounen opgebaut. Dëst an de Beräicher Psychiatrie a Pediatrie. Fir déi Spezialisatiounen ass ee Master néideg.
Zënter 2021 gëtt et op der Uni d’Spezialisatioun an der Médecine générale. Mëttlerweil koumen d’Onkologie an d’Neurologie derbäi.