Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ee Joer no der Legaliséierung vum Cannabissom: Wéi huet sech d‘Situatioun entwéckelt?

Santé

Ee Joer no der Legaliséierung vum Cannabissom: Wéi huet sech d‘Situatioun entwéckelt?

Haut viru genau engem Joer ass de Cannabissom zu Lëtzebuerg legaliséiert ginn. An domat och den Ubau vu 4 Planzen an de private Konsum vun deenen Erträg. Wéi huet sech d‘Situatioun an deem Joer entwéckelt? 

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock

Fir legal Cannabis kënnen ze konsuméieren, muss een also selwer ubauen. Dofir brauch ee Som. An dee kann een online bestellen, oder am CBD-Shop kafen.

Liicht Hausse vun de Venten

Den Eric Kiens bedreift esou ee Shop am Zentrum vum Land a verkeeft och Cannabissom. Huet sech an deem leschte Joer vill verännert?

"U sech net, ausser datt d’Venten an d’Luucht ginn. Also se si lues, mee se sinn awer iwwert dat ganzt Joer an d’Luucht gaangen."

Schued wier, datt de Som trotzdeem aus dem Ausland misst bestallt ginn, mengt de CBD-Shop-Bedreiwer. Mee dat wier och op Dauer net esou virgesi gewiescht, erkläert déi fréier gréng Justizministesch Sam Tanson.

"Eigentlech wollte mir e grousse Projet maachen, wou mir änlech wéi a Kanada oder an anere Länner, eng ganz Chaîne de production géingen op d’Been stellen, wou vun A bis Z Cannabis géing produzéiert ginn an dann hei verkaf ginn."

Dat war awer net méi méiglech, well dee Ministère, deen do ganz staark gefuerdert gewiescht wier, dat wier de Santésministère gewiescht, esou d'Sam Tanson.

"Dir wësst, et ass eng Covid-Kris dertëschent komm."

Kucken, wat am Ausland geschitt

Am Koalitiounsaccord vun der neier CSV-DP-Regierung stinn zwee Sätz iwwer Cannabis: D’Gesetz aus der leschter Legislaturperiod soll fir de Moment esou bäibehale ginn, an et soll sech awer un den Entwécklunge vun den Nopeschlänner orientéiert ginn.

An Däitschland ass zënter dem 1. Abrëll en neit Gesetz a Kraaft, wat souwuel den Ubau an de Konsum doheem erlaabt, an awer och Clubs erlaabt sinn, an deenen ee Cannabis kafe kann. Mee dat hätt awer keen Afloss op déi Lëtzebuerger Gesetzgebung, mengt de Bob Lessel, Expert fir Cannabis am Gesondheetsministère.

"Mir suivéieren dat a mir hunn do ganz gutt Echangë mat eisen däitsche Frënn, a voilà, mir bleiwen do um Ball."

Dobäi ginn et awer Wënsch fir Ännerungen. Op eis Nofro hin huet d'Justiz schrëftlech geäntwert: D’Gesetz iwwert de private Konsum vu Cannabis hätt hir Aarbecht wesentlech méi schwéier gemaach."

De Geroch vu Cannabis aus enger Wunneng geet zum Beispill net méi duer als Indiz vun enger Strofdot, an erlaabt et dann och net méi, eng Perquisitioun an där Wunneng ofzehalen. Sou heescht et an der schrëftlecher Äntwert vun der Justiz.

Statistike ginn et (nach) keng

Et kéint een dovun ausgoen, datt et eng grouss Donkelziffer géif ginn, wat d’Ziichten, de Konsum an de Verkaf vu Cannabis ugeet. D’Police konnt eis awer keng Zuelen nennen, wéi dacks et zu enger Iwwerschreidung vun den erlaabte 4 Planze pro Communautéit koum. Dat géif ënner d’Uewerkategorie vu Verstéiss géint d’Drogegesetz allgemeng falen, heescht et schrëftlech op eis Nofro hin.

Leider huet och de Gesondheetsministère keng Statistiken iwwert de Konsum vu Cannabis zu Lëtzebuerg zënter der Legaliséierung. Nach net. Dat soll kommen, mee net iwwert den aktuelle Konsum, erkläert de Bob Lessel.

"Do hu mir schonn ugekënnegt gehat, datt mir géifen eng Aart Baseline-Evaluatioun maachen, fir ze wëssen, wou mir gestart sinn, wat war d’Situatioun wéi dat Gesetz a Kraaft getratt ass."

Et kéint nach e puer Joer daueren, bis et Donnéeë géife ginn.

Fazit: D’Cannabis-Deel-Legaliséierung bleift also bestoen. Aner Pläng ginn et fir den Ament keng.  

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Gesondheet