Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EUGH annuléiert Staatshëllef fir KLM

Covid-19-Staatshëllef

EUGH annuléiert Staatshëllef fir KLM

Den Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg huet de Moien eng hollännesch Covid-19-Staatshëllef fir d’Fluggesellschaft KLM an Héicht vun 3,4 Milliarden € annuléiert. D’EU-Kommissioun hat déi Hëllef, déi aus enger Staatsgarantie fir e Bankprêt an aus engem Prêt vum Staat bestanen hat, 2020 guttgeheescht.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / Jörg Carstensen | Joerg Carstensen play_arrow
(Foto: picture alliance / Jörg Carstensen | Joerg Carstensen)

D’Zil war et deemools, fir der KLM zäitweis Liquiditéiten zur Verfügung ze stellen, dat am Kontext vun der Coronakris.

2021 hat den Europäesche Geriichtshaff d’Decisioun vun der EU-Kommissioun schonn emol annuléiert, well déi net genuch begrënnt gewiescht wier, wat d’Bestëmmung vum Beneficiaire vun där Moossnam ugeet. Deemools haten d’Riichtere vum Kierchbierg och decidéiert, d’Auswierkunge vun där Annulatioun auszesetzen, bis d’EU-Kommissioun eng nei Decisioun geholl hätt.

Beneficiaire onkloer

Am Juli vum selwechte Joer hat d’EU-Kommissioun dann eng nei Decisioun geholl, an där et geheescht huet, datt déi Staatshëllef compatibel wier mam Bannemaart, an datt d’KLM an hir Filialen déi eenzeg Beneficiairë vun där Hëllef wieren, woubäi déi aner Gesellschafte vum Grupp Air France-KLM awer dovun ausgeholl wären. Doropshin hat Ryanair den Europäesche Geriichtshaff mat där Affär befaasst.

Haut huet den Europäesche Geriichtshaff déi Staatshëllef also nach emol annuléiert. D’Riichtere koumen zur Konklusioun, datt d’EU-Kommissioun e Feeler gemaach hätt bei der Bestëmmung vun de Beneficiairë vun där Staatshëllef, andeems d’Holding Air France-KLM an Air France dovun ausgeschloss goufen. Dës zwou Gesellschaften hätten, als Deel vum Grupp Air France-KLM, op d’mannst indirekt vun där Staatshëllef profitéiere kënnen, heescht et am Urteel vun de Moien.

Holland ordonnéiert d'Staatshëllefen zréckzefroen

An engem Communiqué huet Ryanair d’Decisioun vum Europäesche Geriichtshaff begréisst. Et wier déi zweet Kéier, datt d’europäesch Riichteren deen Hëllefsprogramm als illegal empfonnt hätten. D’Bëllegfluch-Gesellschaft wënscht sech elo, datt d’EU-Kommissioun Holland ordonéiert, dës Staatshëllef bei der KLM direkt erëmzefroen. Och sollt, op d’mannst zum Deel, de Schued, deen d’Konkurrenz vun der KLM gehat hätt, reparéiert ginn.

Lauschterenplay_arrow