search

/ 20 Joer Prisong: Schaarf Kritik um Urteel géint Demokratie-Aktivist Jimmy Lai

Hong Kong

|
headphones

1 min

20 Joer Prisong: Schaarf Kritik um Urteel géint Demokratie-Aktivist Jimmy Lai

D'EU a Groussbritannien hunn d'Urteel géint de chineesesche Mediemogul an Demokratie-Aktivist Jimmy Lai schaarf kritiséiert. Déi brittesch Ausseministerin Yvette Cooper huet gefuerdert, datt de Lai deen och déi brittesch Nationalitéit huet, nees misst fräigelooss ginn.

headphones

1 min

Chefinspekter vun der Police zu Hong Kong Steve Li Kwai-wah | © EPA/MAY JAMES
Chefinspekter vun der Police zu Hong Kong Steve Li Kwai-wah (Foto: EPA/MAY JAMES)

E Geriicht zu Hongkong huet den 78 Joer ale Jimmy Lai zu 20 Joer Prisong verurteelt. Hie war schonn am Dezember wéinst Verschwörung an Zesummenaarbecht mat auslänneschen Agenten a wéinst rebellesche Publikatioune schëlleg gesprach ginn.

De Lai sëtzt schonn zënter 2021 am Prisong, well hie schonn an anere Prozesser verurteelt gi war. Hien ass bekannt ginn als Editeur vun der Zeitung Apple Daily. Kritiker schwätze vun engem politesch motivéierte Prozess a vun engem weideren Zeeche fir den Ofbau vun der Pressefräiheet zu Hong Kong.