D’Joer 2024 wäert op europäeschem Niveau ganz am Zeeche vun den Europawalen am Juni stoen. Déi etabléiert pro-europäesch Parteie si nervös, well Sondagen ee Rietsruck fir déi Wale viraussoen. Zil misst et sinn, datt méiglechst vill Leit wiele ginn, heescht et dowéinst zu Bréissel.
Eng Iddi, fir d‘Wale méi no bei d’Wieler ze bréngen, ass déi vun den europawäite Spëtzekandidaten. Si sollen den europäesche Parteien ee Gesiicht ginn. De Prinzip gesäit vir, datt d’Parteien déi Persoun op déi éischt Plaz setzen, déi si dono och gären un der Spëtzt vun der nächster Europäescher Kommissioun géife gesinn.
EU-Parlament erënnert un 2014
Datt dee Spëtzekandidatesystem 2019 sou guer net geklappt huet deet villen am Europaparlament bis haut nach déck. Dës Kéier muss anescht oflafen, sou de Rapporter vum Europaparlament, de spuenesche Sozialist Demonec Ruiz Devesa.
„Mir wëlle wierklech datt et funktionéiert, esou wéi 2014."
Deemools war effektiv de Spëtzekandidat vun der stäerkster Fraktioun, der Europäescher Vollekspartei, de Jean-Claude Juncker, President vun der Kommissioun ginn.
Allerdéngs ass dee Spëtzekandidate-System an den Traitéë kengeswees festgeschriwwen. Näischt verhënnert also, datt et och bei dëse Walen nees esou leeft, ewéi 2019, wéi d’Staats- a Regierungscheffe mat der Ursula von der Leyen eng Kandidatin nominéiert hunn, déi net als Tête de Liste mat an d’Wale war.
Luc Frieden net iwwerzeegt vum Spëtzekandidatesystem
Kee vun hinnen huet sech bis elo kloer hannert d’Iddi vun de Spëtzekandidate gestallt. Och net de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden. Seng Meenung stéing nach net definitiv fest, sot hien am November. Allerdéngs:
“Ech sinn net onbedéngt iwwerzeegt, datt dat den eenzege Moyen ass, fir déi ideal Kandidaten iwwerall hinzesetzen. Ech mengen, datt dat eng méi komplex Diskussioun verlaangt, well et jo naturgeméiss verschidden Institutioune gëtt, déi zur gläicher Zäit musse besat ginn, an duerfir géing ech mir déi Fro nach gäre méi intensiv iwwerleeën.”
Säi Parteikolleeg, den designéierten EU-Kommissär vun der neier Regierung, de Christophe Hansen, hat am Summer, wéi hien nach CSV-Europadeputéierte war, eng aner Vue op dee Sujet.
“Ech sti ganz kloer zum Spëtzekandidatesystem, well d'Leit dobaussen, d'Bierger soen eis ëmmer: mir wëlle gär driwwer ofstëmmen, ween do déi nei Nummer 1 gëtt. Dat gefält dem Conseil natierlech net sou, well si do gär hir Leit placéiere, mat deene se entweeder am beschten eens ginn oder déi se vläicht am beschte kontrolléiert kréien. Ech fannen, dat ass awer een Demokratiedefizit”
EU-Parlament wëll sech d‘éischt iwwer Kandidat eens ginn
Fir datt sech 2019 net widderhëlt, wëll d’Europaparlament dës Kéier de Spiiss ëmdréien. No de Wale sollt de Spëtzekandidat vun där Partei, déi déi meeschte Stëmme krut, als éischt eng Majoritéit am Parlament forméieren an dann hire Kandidat fir d’Kommissiounsspëtzt proposéieren, explizéiert den Domenec Ruiz Devesa. D’Zäit vun dem Gemunkels vun de Staats- a Regierungscheffen hannert zouenen Diere misst eriwwer sinn.
Den Traitéen no ass et zwar un hinnen, den neie Chef oder déi nei Cheffin vun der Kommissioun ze nominéieren. D‘Europaparlament muss awer duerno déi Persoun an engem Vott gutt heeschen.
Wéi konsequent ass d‘Parlament?
Ass d’Parlament da prett, konsequent ze sinn, an um Enn géint ee Kandidat ze stëmmen, dee géint säi Wëlle vun de Staats- a Regierungscheffen imposéiert géif?
„Prinzipiell, theoretesch jo“, sou den däitschen CDUler Sven Simon op der Pressekonferenz virun dräi Wochen.
Op dat an der Praxis esou wäert oflafen, ass ongewëss. Ëmmerhin huet d’Europaparlament déi leschte Kéier, wann och knapps, um Enn awer d’CDU-Politikerin Ursula von der Leyen duerchgewonk, obschonn de Manfred Weber als Spëtzekandidat vun der EVP 2019 an d’Wale gaange war.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.