Radioen

On air

Notturno  |  Sturgill Simpson - Keep It Between The Lines

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Sommet zu Granada: Ungarn a Pole blockéieren d'Ofschlosserklärung

Europa

EU-Sommet zu Granada: Ungarn a Pole blockéieren d'Ofschlosserklärung

D’Migratioun bleift ee Sträitthema an der EU. Polen an Ungarn stäipe sech weider géint d’Reform vum Asylsystem. Béid Länner géifen iwwergaangen, sot den ungaresche Premier Viktor Orban zu Granada wou déi 27 Staats- an Regierungscheffen haut fir een informellen EU-Sommet zesumme waren.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Hien hätt keng Angscht, sech dem Diktat vu Bréissel a vu Berlin ze widdersetzen, dat waren iwwerdeems d’Wierder vum polnesche Premier Mateusz Marowiezki.
Um Sommet gouf och driwwer diskutéiert, wéi eng Reformen néideg sinn, fir méi Memberen an der EU kënnen opzehuelen. Och hei ass ee sech nach net eens.

Zum grousse Sträit iwwert d’Migratioun koum et haut hei zu Granada trotz muskléierte Wierder vum Viktor Orban vrun der Reunioun net. Dat läit drun, well op esou engem informelle Sommet keng Decisioune geholl ginn.

Vague Schlussdeklaratioun

De Viktor Orban reegt sech driwwer op, datt d’Innenministeren eng Positioun iwwert d’Reform vum Asylsystem adoptéiert hunn, obwuel Ungarn a Polen dogéint gestëmmt hunn.

Fir groussen Diskussiounen haut aus dem Wee ze goen, gouf d’Schluss-Deklaratioun entspriechend vage gehalen a wéi scho beim leschte Sommet am Summer zu Bréissel déi entspriechend Passagen einfach aus dem Text geläscht.

Et misst ee verhënneren, datt déi Sujeten op de Niveau vun de Staats- a Regierungscheffe gehuewe ginn, well do keen dierf iwwerstëmmt ginn, wat um Niveau vun de Ministeren net de Fall ass, sot dozou de Premier Xavier Bettel. 

Well soss komme mer net méi weider. Dat gëllt fir d’Ëmwelt-, d’Energie- an d’Migratiounsfroen. Mir hu Conseilen, an déi sollen och hir Responsabilitéit iwwerhuelen. An net probéieren alles op d’Chefetage ze kréien an dann eben d’Saachen ze blockéieren.“


Ënnerschiddlech Meenungen iwwer d'EU-Erweiderung

Bei der Erweiderung misst et méi séier viru goen, wéi bis elo huet den Emmanuel Macron, de franséische President um Enn festgehalen ouni sech awer wëllen op een Datum festzeleeën, bis wéini een neie Memberen eng konkret Perspektiv soll ginn.

An der Diskussioun ob a wéi eng Reformen EU-Intern musse gemaach ginn, steet een nach um Ufank - déi eng wëllen dat maachen, ier d’EU wiisst, anerer fannen et muss ofgewaart ginn, bis kloer ass wien wéini derbäi kënnt. Haut war déi éischte Kéier, datt doriwwer eng méi breet Diskussioun gefouert gouf.

Lauschterenplay_arrow