Een EU-Sommet ass dacks verbonne mat méi oder manner haarden Diskussiounen iwwer déi schrëftlech Konklusiounen, déi um Enn festgehale ginn. Well dofir Unanimitéit ënnert de 27 néideg ass, gëtt do dacks bis op de leschte Komma gestridden.
Neie Sträit iwwert Migratioun?
Beim leschten EU-Sommet am Summer goufen d’Zeilen iwwer de Sträit-Sujet Migratioun um Enn aus de Konklusiounen erausgestrach. Dës Kéier steet am Brouillonstext, deen de Rots-President Charles Michel proposéiert, just ee Saz, nämlech datt een doriwwer eng strategesch Diskussioun gefouert huet. No de rezenten Attentater a Frankräich an an der Belsch ass dovun auszegoen, datt iwwer déi extern Dimensioun vun der Migratioun diskutéiert gëtt, ouni datt doriwwer Konklusioune gezu ginn.
Verschiddener - an do gehéiert Lëtzebuerg normalerweis dozou - géife gären ee längeren Debat iwwert Migratioun um Niveau vun der Chef-Etage an der EU evitéieren, well d’Erfarung gewisen huet, datt een do net viru kënnt.
Noen Osten: EU oneens iwwer Waffe-Stëllstand
Op dësem Sommet wäert d’Europäesch Unioun hir schaarf Verurteelung vun den terroristescher Attack vun der palestinensescher Hamas widderhuelen. Doriwwer dierft et kaum Diskussioune ginn. Wat den Ëmgank mat der Situatioun an der Gazasträif ugeet, gesäit et anescht aus.
Verschidde Länner ewéi Spuenien oder Irland setze sech dofir an, datt d’EU zu engem Waffestëllstand sollt opruffen. Anerer ewéi Däitschland oder Éisträich wëlle sech mat Fuerderungen Israel géintiwwer zeréckhalen a sinn do dogéint.
Wat elo doriwwer an de Konklusioune festgehale gëtt, ass net kloer. Am Gespréich sinn amplaz Waffestëllstand Formulatiounen ewéi humanitär Paus oder Pausen, oder awer och Fënsteren.
„Buschtawen a Kommaen hunn eng Bedeitung um Wee fir een Accord ze fannen.“, sot gëschter een EU-Diplomat. Prioritéit awer hätt de Wonsch, datt d’humanitär Hëllef déi erreecht, déi se dréngend brauchen, an datt ee Weeër fënnt, wéi d‘EU sech dofir asetze kann.