Onkloer ass, ob et op der Reunioun vun de Staats- a Regierungscheffen nees zu enger Ausernanersetzung iwwer eenzel Wierder am Text kënnt, deen déi 27 duerno iwwer de Krich tëschent der radikal-islamistescher Hamas an Israel festhalen.
Et kéint och sinn, datt se sech, wéi scho virdrun, iwwerhaapt net op eng gemeinsam Positioun eenege kënnen, huet en Dënschdeg een EU-Diplomat gesot.
Eenzel Wierder mussen nach beschwat ginn
D’EU freet eng humanitär Paus, déi zu engem nohalteger Waffestëllstand féiert. Dat ass de Saz, dee bis lo an deem Text steet, an deen, dem nämmlechten Diplomat no, och vun enger grousser Majoritéit gedroe gëtt. Et missten awer nach iwwer eenzel Wierder geschwat ginn, esou gëschter eng aner Source.
D’Diskussioun iwwer den Noen Oste wäert dann och am Mëttelpunkt vum Mëttegiesse mam UNO-Generalsekretär Antonio Guterrez stoen.
"Esou intensiv wéi néideg"
Een aneren Haaptsujet op dësem Sommet ass op en Neits d’Ukrain, där d’EU hire weidere Support zouséchert. Esou laang wéi dat gebraucht gëtt, ass do d’Formuléierung, déi scho méi dacks widderholl gouf.
Dës Kéier steet dobäi och den hallwe Saz “esou intensiv wéi néideg” - dee vun Diplomaten ënnerschiddlech interpretéiert gouf. Déi eng soen, et wier een Zeechen, datt dee Support soll méi staark ginn, déi aner weisen op de Contraire hin.
Diskussioun iwwer confisquéiert russesch Gelder
Kontrovers dierft d’Diskussioun doriwwer ginn, wat soll mat de Profitter geschéien, déi aus russeschen ëffentleche Gelder generéiert ginn, déi confisquéiert goufen.
D’Kommissioun huet gëschter proposéiert, se der Ukrain zur Verfügung ze stellen, fir Waffen a Munitioun ze kafen. Dat awer ass net onëmstridden. Lëtzebuerg huet do an der Vergaangenheet zu de Skeptiker gehéiert - an op juristesch Onkloerheeten higewisen. Eng Decisioun ass do op dësem Sommet net ze erwaarden.