Radioen

On air

Spektrum  |  Don Piano - Burn Your Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Staats a Regierungscheffen eenege sech op 2. Amtszäit fir Ursula von der Leyen

EU-Kommissiounspresidentin

EU-Staats a Regierungscheffen eenege sech op 2. Amtszäit fir Ursula von der Leyen

D’Ursula von der Leyen soll EU-Kommissiounspresidentin bleiwen. Dat mellen däitsch Medien, déi sech op Verhandlungskreesser beruffen. D’Staats-a Regierungscheffe vun de groussen Europäesche Parteifamillen hätte sech haut op eng zweet Amtszäit vun der Ursula von der Leyen gëeenegt.

auto_stories

1 min

Ursula von der Leyen | © picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth
Foto: picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth

D’CDU-Politikerin muss awer nach vum EU-Parlament gewielt ginn. Weider wier sech op de fréiere portugisesche Regierungschef Antonio Costa gëeenegt ginn als President vum EU-Conseil, dat awer viraussichtlech emol fir zwee an een halleft Joer, an de Posten als EU-Aussebeoptraagten soll déi estnesch Regierungscheffin Kaja Kallas kréien.