Dëst sinn abusiv an deier Prozeduren, déi meeschtens duerch Entitéiten an enger Muechtpositioun an der Wirtschaft oder Politik lancéiert ginn, a mat deenen déi Concernéiert sollen zum Schweige bruecht ginn.
De Kompromëss, deen elo virläit, gesäit vir, datt eng Persoun, déi vun esou engem Verfare viséiert ass, zukünfteg d‘Justiz ka froen, fir e manifestement abusive Recours ofzeweisen. Den Text muss nach formell gréng Luucht kréie vum Europaparlament an dem EU-Conseil.