Radioen

On air

Notturno  |  D.E.T. 90 - Green Looking Eye

play_arrow Live
search

/ EU-Parlament schléisst sech Klo géint Ungarn un

KLO WÉINST “Souveränitéits-GESETZ”

EU-Parlament schléisst sech Klo géint Ungarn un

D’EU-Parlament ass genee ewéi d’EU-Kommissioun iwwerzeegt, datt dat ungarescht Gesetz zur Protektioun vun der nationaler Souveränitéit géint europäesch Grondwäerter verstéisst. D’Decisioun, ob Lëtzebuerg sech der Klo uschléisst, ass nach net gefall.

auto_stories

2 min

D’Europaparlament schéisst sech enger Klo vun der Europäescher Kommissioun géint Ungarn un. Et geet ëm dat ëmstriddent Souveränitéitsgesetz, deemno eng national Agence am Numm vun der Protektioun vun der nationaler Souveränitéit, déi géint auslännescht Beaflosse soll virgoen.

Der europäescher Kommissioun no verstéisst dat Gesetz géint verschidden EU-Rechter, dorënner dat fir d’Meenungsfräiheet. D’Kommissioun hat dowéinst am Dezember eng Plainte géint Ungarn beim Europäesche Geriichtshaff gemaach. Där Klo schléisst sech elo d’Europaparlament un. Dat huet haut um Dënschdeg déi zoustänneg parlamentaresch Kommissioun decidéiert.

Marc Angel: Ungarescht Gesetz ass russescher Legislatioun ugepasst

D’Kompetenze vun där neier ungarescher Agence géife géint demokratesch a rechtsstaatlech Prinzippie verstoussen, heescht et an enger Deklaratioun. Duerch dat neit Gesetz géife legitim Aktivitéite vun der Zivilgesellschaft a vun der Press behënnert, sou den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel.

"Et ass e bëssen un déi russesch Gesetzgeebung ugeglach. Mir haten dat jo och bei deem anere Gesetz, wou d'Kommissioun Ungarn ugeklot huet a wou 15 Memberstaate matmaachen. Dat war jo dat sougenannten Child Protection Law, wat am Fong d'Kopie ass vum russeschen Anti-LGBTI-Propaganda-Gesetz. An hei ass et erëm änlech, wou den nämmlechten Narrativ genotzt gëtt. An dofir mengen ech ass et wichteg, dass mir eis do wieren als pro-europäesch, pro-demokratesch Parteien, an awer och als Parlament."

Lëtzebuerg nach net decidéiert

Och ronn eng Dosen europäesch Länner hu sech der Klo bis elo ugeschloss. Lëtzebuerg ass bis elo net dobäi. Et wier een am gaangen, eng Decisioun ze huelen, huet et aus dem Ausseministère geheescht. Den Delai fir sech der Klo unzeschléissen leeft haut an enger Woch of.