Radioen

On air

  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Parlament hannerfreet Decisioun iwwert EU-Sue fir Ungarn

EUROPAPARLAMENT

EU-Parlament hannerfreet Decisioun iwwert EU-Sue fir Ungarn

Am Europaparlament gëtt et massiv Kritik um Débloquage vu Subsiden an Héicht vun 10 Milliarden Euro fir Ungarn. Verschiddener schwätze vun engem “knaschtegen Deal”. An d’Parlament kéint souwäit goen, d’Europäesch Kommissioun viru Geriicht ze huelen. Si nämlech war et, déi d‘Decisioun geholl hat déi Sue fräizeschalten.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Viktor Orban | © picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou play_arrow
Viktor Orban (Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)

D’Kritik geet queesch duerch d’Parteien a si kënnt och vun där vun der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, der Europäescher Vollekspartei. Zum Beispill vun hirem Chef Manfred Weber.

„Den Timing fir d’Sue fräi ze ginn war komesch, dowéinst muss d’Kommissioun Froe klären, déi legal Justifikatioun, firwat d’Fongen deblockéiert goufen, muss publik ginn.“

10 Milliarden Euro „Schmiergeld“ fir de Viktor Orban

Fir ganz vill Europadeputéiert steet ausser Fro, datt d’Kommissioun sech op ee Chantage agelooss huet.

Datt d’Suen ausgerechent um Dag vum europäesche Sommet fräigeschalt goufen, wier ee kloert Zeechen dofir, datt een dem ungaresche Premier no ginn huet. Deen nämlech hat op dem Sommet e bëssen onerwaart säi Veto géint d’EU-Memberschaft vun der Ukrain opgehuewen.

„Sie haben sich also erpressen lassen, Sie haben das größte Schmiergeld in der Geschichte der EU bezahlt. Die Politik gegen Viktor Orban, die Sie machen, ist falsch. Sie machen das Problem nur noch größer.“

Dat stellt de gréngen Europadeputéierten Daniel Freund un d’Adress vun der Kommissiounspresidentin fest.

Ungarn verstéisst weider géint EU-Wäerter

D’Sue ware blockéiert, well Ungarn géint Grond-Valeure vun der EU verstéisst, dat wier weider de Fall, sou och d’CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler-Lima zu Stroossbuerg an der Plenière.

„L‘état de droit n’est toujours pas garanti en Hongrie, des nouvelles lois contraires aux valeurs européeenes continuent à être votées.“

D’Kommissiounscheffin hat virdrun erkläert, Ungarn hätt duerch nei Gesetzer am Beräich vun der Justiz een Deel vun de Konditiounen erfëllt, dowéinst wieren déi respektiv Fonge fräigeschalt ginn. „Ungarn huet geliwwert, wat gefrot gouf“, sou d’Ursula von der Leyen. Iwwert den Timing huet si keng zousätzlech Explikatioune ginn.

„Maacht Dir dat nach eng Kéier?

De Liberale Guy Verhofstad stellt der Kommissiounspresidentin d’Fro, ob si dat nach eng Kéier géif maachen.

„Wann Är Äntwert jo ass, kritt dir grouss Problemer mam Parlament.“

Der Resolutioun no, iwwert déi den Donneschdeg ofgestëmmt gëtt, kritt de juristesche Service vum Parlament den Optrag, eng Klo virum Europäesche Geriichtshaff géint d’Kommissioun z‘iwwerpréiwen.

Kritik och un de Memberlänner

Schaarf Kritik gëtt et och un Memberlänner. Si sinn et, déi eng Prozedur, fir Ungarn zur Rechenschaft ze zéien, schonn zanter Jore schleefe loossen, sot nom Debat den LSAP-Euroapdeutéierten Marc Angel.

„Ech fannen, mir hu vill ze laang gewaart, fir méi streng ze ginn. D’Parlament net, mir waren ëmmer dohannert, mee de Conseil, wann et em d’Artikel-7-Prozedur geet, fir hinnen d’Stëmmrecht am Conseil ofzehuelen.“

D’Kommissiounscheffin schéngt sech hirer Saach sécher ze sinn.

D’Ursula von der Leyen huet den Debat an der Plenière verlooss, ier en eriwwer war. Vläicht och, well si weess, datt eng Klo vru Geriicht an dëser Legislaturperiod onwarscheinlech ass.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.