Radioen

On air

Notturno  |  Hal Flavin - Wheel Of Fortune

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Keng Majoritéit fir Liwwerketten-Direktiv

VOTT ZU BREISSEL

Keng Majoritéit fir Liwwerketten-Direktiv

D’Europäesch Liwwerketten-Direktiv weider an der Schwief. Op en Neits koum zu Bréissel net déi néideg Majoritéit ënnert de Memberlänner zesummen.

auto_stories

2 min

Europäesch Fändele virun der Kommissioun | © picture alliance/dpa | Thomas Banneyer
Europäesch Fändele virun der Kommissioun (Foto: picture alliance/dpa | Thomas Banneyer)

Et ass déi zweete Kéier, datt probéiert gouf, een Accord ze fannen. Uganks Februar war eng éischte Kéier probéiert ginn, déi Direktiv unzehuelen.

Bei deem Gesetz geet et em d’Obligatioun vu groussen Entreprisen sech u Mënscherechts- an Ëmweltschutzkonditiounen ze halen.

Et géif een elo d’Situatioun analyséieren an zesumme mam Europaparlament kucken, ob et méiglech wier, d’Bedenke vun de Memberlänner z’adresséieren, sou déi belsch EU-Présidence op “X”.

 

Et wieren eng Partie Länner gewiescht, déi sech enthalen hätten, dat aus verschiddene Grënn, sou de Mëtteg eng EU-Source. Et wiere Bedenke geäussert ginn, wéinst rechtlechen Onsécherheeten, administrativer Belaaschtung, oder der Gefor, datt d’EU um globale Plang kéint Nodeeler kréien.

D’Lëtzebuerger Regierung hat am Virfeld hir Positioun bedeckt gehalen. De Premier Luc Frieden hat gesot, et stéing een der Direktiv net am Wee, ma hien hat och Bedenken ugemellt, well engem neien Text no gewëss Holdingen ënnert d’Direktive gefall wieren. De Premier hat och vrun der grousser administrativer Charge gewarnt, déi op d’Entreprise kéint zoukommen.