Um Dësch läit eng Propose vun der Europäescher Kommissioun, mat verschidde Mesuren, déi virun allem drop zilen, de Baueren administrativ Chargen ofzehuelen.
Virop awer och eng Online-Enquête, direkt bei de Baueren, fir rauszefannen, wou genee déi administrativ Charge an hiren Aen ze héich ass. D’Resultater sollen an eng Analysen afléissen, déi am Hierscht publizéiert gëtt.
Méi labber Oploen a manner Kontrollvisitten
Méi kuerzfristeg proposéiert d’Kommissioun verschidden Oploen ze labberen, zum Beispill déi, déi virschreift, Gréngflächen zanter dem Referenzjoer 2018 stabil ze halen.
Och d’Kontrolle solle vereinfacht ginn, mam Zil d’Zuel vun de Visitten duerch déi national Administratiounen ëm d’Hallschent ze reduzéieren. Betriber, déi manner ewéi 10 Hektar Land hunn, kéinte ganz vu Kontrolle vu verschiddenen Ëmweltoplage verschount ginn.
D’Ministeren aus de 27 EU-Länner diskutéieren haut iwwert déi Virschléi vun der Kommissioun. Zil wier et, eng Lëscht vu Mesuren unzehuelen, déi schonn an de nächste Woche kéinten a Kraaft trieden.
Krise gëtt net genuch Rechnung gedroen
Op d’Bauere kéim eng Lawin vun neien Normen an Direktiven zou, schreift iwwerdeems den Daachverband vun de Baueren, Copa-Cocega an engem oppene Bréif un d’Kommissiounspresidentin.
De Krisen duerch Covid, de Klimawandel an de Krich an der Ukrain géif net genuch Rechnung gedroen.
Wéi zefridde sech d’Bauere mat deem ginn, wat elo decidéiert gëtt, wäert sech warscheinlech net direkt haut erausstellen. Si hunn op alle Fall annoncéiert, datt si op en Neits zu Bréissel d’Ministere mat hiren Trakteren empfänken.