Et soll en Austausch mat de Baueren an den Ëmweltverbänn ginn, fir eng nei Gesetzespropos auszeschaffen. D‘Ursula von der Leyen geet domadder, ronn véier Méint virun den Europawalen, ee weidere Schrëtt op d‘Baueren duer, déi sech mat hire Protester och géint, an hiren Aen, ze streng Ëmweltoplage geriicht hunn.
D‘Gesetzespropos hat virgesinn, datt bis 2030 50 % manner Pestizide sollen agesat ginn. Domat soll virun allem géint d‘Aartestierwe gekämpft ginn. Am EU-Parlament gouf d‘Propose rejetéiert an och a villen EU-Staate ginn et Debatten.