arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU wëllt israeelesch Fräihandels-Virdeeler sträichen

EU-Sanktiounen

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

EU wëllt israeelesch Fräihandels-Virdeeler sträichen

D‘EU-Kommissioun proposéiert wäitreechend Sanktioune géint Israel wéinst der Situatioun an der Gazasträif: Deemno solle Fräihandels-Virdeeler gestrach an zwee rietsextreem israeelesch Minister sanktionéiert ginn. Dat huet d‘EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas ugekënnegt.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Kaja Kallas | © European Union
Kaja Kallas (Foto: European Union)

D’EU-Kommissioun proposéiert e wäitreechende Sanktiounspak géint Israel fir den Drock op déi israeelesch Regierung ze erhéijen. Bréissel wëllt esou op eng katastrophal humanitär Situatioun an der Gazasträif reagéieren. Dat hunn d’Vize-Presidentin Kaja Kallas an den EU-Handelskommissär Maros Sefcovic haut um Mëttwoch virun der Press matgedeelt. 

Neitst Offensiv huet Situatioun nach emol verschäerft

D’Vizepresidentin vun der Europäescher Kommissioun Kaja Kallas huet e puer Mol betount, datt een Israel net wéilt bestrofen, mee déi humanitär Situatioun an der Gazasträif wéilt verbesseren. Besonnesch no der neister Offensiv vun der israeelescher Arméi an der Gazasträif wéilt een elo méi Drock maachen.

Och dofir huet een e gréissere Sanktiounspak ausgeschafft, deen awer net nëmmen déi israeelesch Regierung cibléiert, wéi d’Kaja Kallas erkläert.

"D’Offensiv vun der israeelescher Regierung an der Stad Gaza ass eng nei Eskalatioun vun dësem Krich a wäert déi humanitär Kris weider verschäerfen. Dofir hunn ech en ëmfaassende Sanktiounspak ausgeschafft géint Hamas-Terroristen, extremistesch israeelesch Minister, gewalttäteg Siedler an Organisatiounen, déi d’Evenementer ouni Strof am Westjordanland ënnerstëtzen."

D’Sanktioun, déi Israel am häertsten treffen dierft, ass déi, datt d’EU-Kommissioun hinnen hir Fräihandelsprivilegien mat der EU wëllt op Äis leeën. D’EU ass aktuell nämlech de gréissten Handelspartner vun Israel.

Kallas: Meenung an de Memberstaaten ännert sech

Datt de Sanktiounspak ugeholl gëtt, gëllt als onwarscheinlech. Fir datt de Virschlag duerchgeet brauch et nämlech eng deelweis Unanimitéit vun den EU-Staaten. Deem ass sech och d’Kaja Kallas bewosst.

Mee och wann déi politesch Positiounen aktuell wuel géife feststoen, gesäit si en Ëmdenken an der Zivilbevëlkerung.

"Trotzdeem gesi mir, datt déi ëffentlech Meenung an den EU-Memberstaaten sech verännert. Dat wéinst dem Leiden an der Gazasträif, an d’Leit wëlle wierklech, datt dat ophält."

Den israeeleschen Ausseminister Gideon Saar huet sech schonn zu de proposéierte Sanktioune geäussert. Se wieren onverhältnesméisseg a falls Bréissel awer domat duerchkomme géif, géif een appropriéiert dodrop äntwerten, esou den israeeleschen Ausseminister.

 

play_arrow Lauschteren