Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - The Hustle

play_arrow Live
search

/ EU-Kommissioun préift d'Roll vun TikTok bei de rumänesch Presidentewalen

Russeschen Afloss?

EU-Kommissioun préift d'Roll vun TikTok bei de rumänesch Presidentewalen

Huet TikTok déi antëscht annuléiert Presidentewalen a Rumänie beaflosst? Dat préift d‘EU-Kommissioun an huet dofir eng Enquête géint déi chineesesch Onlineplattform opgemaach.

auto_stories

1 min

TikTok | ©  Solen Feyissa / Unsplash
Foto: Solen Feyissa / Unsplash

TikTok steet am Verdacht, auslännesch Aflëss, ënner anerem vu Moskau, net genuch bekämpft ze hunn. Konkret wëll Bréissel d‘Algorithme vun TikTok iwwerpréiwe loossen.

Ausserdeem steet och am Fokus, wéi TikTok mat politescher Publicitéit a bezuelte politeschen Inhalter ëmgeet. Fir de konkreete Fall vu Rumänie besteet de Verdacht, datt de rietsextreme Kandidat, deen den éischten Tour vun de Wale gewonnen hat, soll vun enger Campagne profitéiert hunn, déi vu Moskau aus orchestréiert gi wier.