Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU Kommissioun mécht Plainte géint Lëtzebuerg

Direktiv net richteg ëmgesat

EU Kommissioun mécht Plainte géint Lëtzebuerg

D‘EU Kommissioun mécht eng Plainte géint Lëtzebuerg beim Europäesche Geriichtshaff. Dat well Lëtzebuerg eng EU-Direktiv net mat Zäiten ëmgesat huet.

auto_stories

1 min

Europäesch Kommissioun | © EC - Audiovisual Service
Europäesch Kommissioun (Foto: EC - Audiovisual Service)

Déi Direktiv soll d'Recht op en Affekot an d'Recht op Kommunikatioun am Fall vun enger Arrestatioun reegelen.

Schonn 2021 gouf Lëtzebuerg dozou opgefuerdert se ëmzesetzen. Konkret geet et em de Punkt, datt déi Responsabel vun engem Mannerjäregen automatesch informéiert ginn, wann et zu enger Arrestatioun koum.

2023 huet d'EU Kommissioun dann decidéiert, eng Klo beim Europäesche Geriichtshaff anzereechen, well Lëtzebuerg net déi néideg Beweiser geliwwert huet, datt d'Direktiv korrekt ëmgesat gouf.