Europäesch Betriber an de Laberenten
Wat maachen d'Entreprisen da fir sech op de Klimachangement anzestellen? Wéi eng Mesuren huele se fir ëmweltfrëndlech an emissiounsfräi Ziler ze erreechen, besonnesch Entreprisen a Secteuren, déi net grad de Label ëmweltfrëndlech hunn?
An der Editioun 2022 vum Flash-Eurobarometer iwwer kleng a mëttel Betriber, Ressourceneffizienz a gréng Mäert, gëtt confirméiert, datt kleng a mëttel Betriber an der EU scho vill maache fir hir Betriber op ekologesch Nohaltegkeet ëmzestellen.
D’Wëssen iwwer d’Natur muss gefleegt ginn
D’Zukunft vun Europa hänkt ganz sécher vun engem gesonde Planéit of. D’EU-Memberstaaten hu sech dofir Zil gesat bis 2050 klimaneutral ze ginn.
Jiddweree muss seng Responsabilitéit huelen, d’Politik, d’Ekonomie, mee awer och all eenzelen EU-Bierger an eenzel EU-Biergerin.
Mee wat kann een dann als Bierger:in a sengem Ëmfeld maachen, fir ze hëllefen de Klimachangement an der Gitt ze halen?
Solarenergie an Alternativen: Wou e Wëllen ass, ass och e Wee
D’Europäesch Unioun schafft ganz aktiv um Diversifizéiere vun de Stroumproduktiounsméiglechkeeten. Dat heescht nei Energiequellen ze fannen an ze promovéieren. Et geet dorëm propper an autark Energiequellen, déi och finanziell am Kader bleiwen, an d’Fënster ze stellen. Den Asaz vun erneierbaren Energië steet och am Mëttelpunkt vum Re-Power-EU-Plang.
Mee wéi fonctionéiert dat an der Praxis?
Den Defizit vun ekologesche Kompetenzen ausgläichen
Wéi eng nei Capacitéite muss eng Entreprise hautdesdaags hunn, fir déi gréng Transitioun ouni Problemer ze maachen a fir datt se hir Aktivitéiten un d’Erausfuerderungen, déi de Klimachangement mat sech bréngt, kann adaptéieren? Den Iwwergang bei eng ressourceneffizient a kuelestoffaarm Ekonomie brauch eng systeemesch Approche, grad wéi verännert Produktiounsprozesser a Geschäftsmodeller.
Pollueur bezilt! Pollutioun dout!
Eng ganz Partie Politiker plädéieren dofir, datt déi Responsabel fir Ëmweltschied oder Ëmweltverschmotzung och fir d’Käschten, déi ufalen, musse riicht stoen.
Wéi eng Méiglechkeeten an awer och Grenzen existéiere bei dëser Iddi? A wou sinn d’Hoke bei der Saach? Wéi soll een dat an der Landwirtschaft ugoen, wou och Aarbechtsplazen um Spill stinn?
Liewen an enger Katastropheregioun
Ob elo un der Côte, bei Bëscher oder bei Flëss, et gi Regiounen, déi besonnesch vulnerabel fir extreem Kilmaphenomeener sinn. Wéi kann ee sech upasse bei esou Wiederphenomeener, a si mir alleguer a Gefor?
An der Europäescher Unioun gi Strategien entwéckelt, déi sech mat der Preventioun an och der Reduktioun vun de Klimarisike beschäftegen. Et gëllt d’Resistenz vun der Infrastruktur, den Ekosystemer, der Gesellschaft an der Ekonomie an der EU ze stäerken. Dat ass eng wichteg Missioun am europäesche Katastrophe-Risikomanagement.
Gréngen Aktivismus: De Pro an de Kontra
Monumenter bemolen, Konschtwierker mat Faarf verschmieren, alles Aktiounen, déi Bierger:innen net ëmmer gutt fannen. Ass dat eng effikass a justifiéiert Manéier fir géint de Klimachangement ze demonstréieren? Huet dës Zort Protester eng Legitimitéit? A wat seet d’Ëffentlechkeet dozou?