Radioen

On air

Thé Dansant  |  Portishead - Sour Times

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Google wëll Atomenergie benotze fir Kënschtlech Intelligenz weider ze entwéckelen

Vun 2030 un

Google wëll Atomenergie benotze fir Kënschtlech Intelligenz weider ze entwéckelen

Och Google wëll Atomstroum benotze fir déi kënschtlech Intelligenz an hire Fuerschungszentere weider ze entwéckelen. Vun 2030 u plangt Google, Stroum aus Atomreaktere vun der neier Generatioun vun der Firma Kairos Power anzekafen.

auto_stories

1 min

Google | © Greg Bulla / Unsplash
Foto: Greg Bulla / Unsplash

Do virdrun hat Microsoft schonn ugekënnegt, datt déi aktuell ofgeschalt amerikanesch Atomzentral Three Mile Island an den nächste Joren nees a Betrib soll goen, fir Stroum u Microsoft ze liwweren.

Kënschtlech Intelligenz Software huet en héije Stroumverbrauch.