Radioen

On air

Thé Dansant  |  Genesis - Invisible Touch

play_arrow Live
search

/ EU-Bäitrëttsverhandlunge mat der Ukrain a mat Moldawie fänken un

Zu Lëtzebuerg

EU-Bäitrëttsverhandlunge mat der Ukrain a mat Moldawie fänken un

D‘EU-Bäitrëttsverhandlunge mat der Ukrain a mat Moldawie fänken de Mëtteg offiziell zu Lëtzebuerg un. D‘Gespréicher sinn um Bord vun engem Minister-Conseil a sollen déi grouss Linnen an d'Grondsätz fir d'Bäitrëttsverhandlunge festleeën.

auto_stories

1 min

Ukrain EU Fändel | © European Parliament
Ukrain EU Fändel (Foto: European Parliament)

Wéi laang et bis zu engem eventuellen EU-Bäitrëtt vun der Ukrain a Moldawien dauere kéint, bleift iwwerdeems nach komplett op.

De moldawesche Premier Dorin Recean ass dann och haut fir eng Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg. Geplangt si Gespréicher mam Premier Luc Frieden an dem Ausseminister Xavier Bettel, an eng Audienz beim Grand-Duc.