Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass dës Kéier net op Bréissel komm. Mee hie war de Moien iwwer Video zougeschalt, mat engem klore Message un déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffen: Loosst d’Ukrain net falen.
Och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet betount, wéi hien op sengem éischten EU-Sommet ukoum, d’EU dierft d’Ukrain net am Stach loossen.
"Well wann dat Land keng Mëttel méi huet, da geet et ënner an deem Krich, a wann et dee Krich verléiert, da ka Russland weider fueren."
Schwiereg Diskussiounen
Mee d’Decisioun iwwer d’Ouverture vu Bäitrëttsgespréicher an nei Sue fir d’Ukrain brauch Unanimitéit. An den ungaresche Premier Viktor Orbán bleift bis elo formell: D’Ukrain hätt nach net all d’Critèren erfëllt fir Bäitrëttsgespréicher unzefänken: "There is no reason to negotiate a membership now."
D’Ukrain brauch ee positiivt Signal vun der EU, mee dëse Sommet wäert schwiereg ginn, a vläicht och méi wéi zwee Deeg laang daueren. Wéi de finnesche Premier Petteri Orpo sot: "Ech si prett ze verhandelen. Ech hu vill Hiemer matbruecht.“