Radioen

On air

Ligne 2  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Bäitrëtt vun der Ukrain: Jean-Claude Juncker weist sech skeptesch

Interview an der NZZ

EU-Bäitrëtt vun der Ukrain: Jean-Claude Juncker weist sech skeptesch

Wat dee geplangten EU-Bäitrëtt vun der Ukrain ugeet wier de fréiere Lëtzebuerger EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker skeptesch. Dat sot hien an engem Interview an der „Neuen Zürcher Zeitung“.

auto_stories

1 min

Jean-Claude Juncker | © European Union
Jean-Claude Juncker (Foto: European Union)

De Jean-Claude Juncker sot, et wier richteg gewiescht, EU-Bäitrëttsverhandlunge mat der Ukrain opzehuelen, mee et géif vill Konditioune ginn, déi d‘Ukrain erfëlle misst, fir kéng ongeléiste Problemer an d‘EU ze importéieren.

Hie wier dann och grondsätzlech net dogéint, fir der Ukrain eng differenzéiert EU-Memberschaft an Aussiicht ze stellen. Dat wier méi realistesch, wéi eng voll EU-Memberschaft an de nächsten dräi bis fënnef Joer, esou de Jean-Claude Juncker an der „Neuen Zürcher Zeitung“.